
Enn 2017 hat déi national Fluchgesellschaft d’Lizenz vun där Verbindung vun Air Berlin iwwerholl, mam Zil, pro Joer 100.000 Passagéier do ze transportéieren.
2018 wier dat Zil mat ronn 80.000 Passagéier awer net erreecht ginn.
D’Verhandlunge géife lafen an et wier een zouversiichtlech, séier zu engem Accord ze kommen, sot e Porte-Parole vun der Luxair dem Lëtzebuerger Wort géintiwwer.
Tickete ginn et just nach bis Mäerz 2020 den Ament.