Dës Noriicht aus dem Lëtzebuerger Land hunn d'DP-Parteipresidentin Corinne Cahen an den LSAP-Vize-Premier Etienne Schneider confirméiert.

D'CSV huet der DP an der LSAP eenzel Propositioune fir eng Koalitioun mat der CSV gemaach. Béid hunn dës Offer refuséiert. Si wëllen net soen, wien d’Persoune waren, déi u si erugetruede sinn, dat missten déi Leit selwer maachen. „Ech sinn effektiv kontaktéiert gi vun enger Persoun aus der CSV, wou ech den Numm natierlech net wäert soen, déi soll dat scho selwer maachen, fir ze froen, ob mir prett wieren, mat hir an eng Koalitioun ze goen. Wourop hin ech geäntwert hunn 'dat ass net de Fall'," sou d'DP-Parteipresidentin a Ministesch Corinne Cahen. D'DP stéing zur blo-rout-grénger Koalitioun a géingen um Koalitiounsaccord schaffe „bis 2023".

Extrait Corinne Cahen

Och den LSAP-Vizepremier Etienne Schneider confirméiert, dass hien „iwwert eng personne interposée" ugebuede kritt hätt, eng Koalitioun mat der CSV anzegoen, an där hie kéint Premier ginn. „Ech hunn dat Angebot awer dankend ofgelehnt", sou den Etienne Schneider.

Extrait Etienne Schneider

Gëtt et wéinst der Traversini-Affär an de Virwërf géint déi gréng Ëmweltministesch Carole Dieschbourg eng Kris an der Majoritéit? „Dat spieren ech guer net, d'Majoritéit ass ganz stabel a mir schaffe ganz gutt zesummen", sou d'Corinne Cahen. Vun Neiwale géing absolut net rieds goen, sou den Etienne Schneider: „Ech gesinn net, firwat e Gaardenhaischen zu Déifferdeng soll zu Neiwale féieren". Déi dräi Regierungsparteie géingen zesummenhale „wéi eh und je".

CSV-Spëtzt weess näischt vu Gespréicher

Um Freideg de Moien huet d'CSV eng Pressekonferenz ginn, zu der Affär Traversini. Ma och do goufen d'Martine Hansen an de Claude Wiseler op d'Situatioun vun geheime Gespréicher tëscht CSV an DP, respektiv CSV an LSAP ugeschwat. D'Martine Hansen wollt dovunner awer näischt wëssen. Si an de Claude Wiseler hätten déi Gespréicher net gefouert a géifen och net wëssen, wien dat war.

Martine Hansen reagéiert op Gespréicher mat DP an LSAP
Et soll Gespréicher tëscht der CSV mat der DP respektiv der LSAP fir eng nei Koalitioun ginn hunn. D'Martine Hansen weess dovunner awer näischt.

Um 17.45 Auer war et dëse Facebook-Post vum CSV-President

RTL