Nei Affär Jost SA?LCGB: Bei Magetralux gi Salariéë konsequent menacéiert an ageschüchtert

RTL Lëtzebuerg
D'Entreprise aus dem Norde vum Land géing sech vis-à-vis vu verschiddene Chaufferen erbäermlech verhalen. Et ass och schonn zu Licenciementer komm.
© magetra.com/RTL

Dat schreift den LCGB e Mëttwoch de Moien a präziséiert, dass verschidde Mataarbechter eng Plainte gemaach hätten, well de Patron d'Paien net korrekt ausbezuelt hätt. Doropshin hätt den Employeur eben déi Leit versicht anzeschüchteren, déi d’Plainte net zeréck gezunn hätten.

Och nodeems d’ITM ageschalt ginn ass, hätt sech dat Verhalen net geännert, schreift den LCGB. De Patron wier vun hinnen och scho gewarnt ginn an den LCGB wëll elo weider Schrëtt aleeden, fir d'Interête vun de Salariéen ze protegéieren.

Den LCGB wërft d'Fro op, ob mer et hei mat enger neier Affär Jost ze dinn hunn? Bei Magetralux schaffen 110  Leit.

PDF: Schreiwes vum LCGB

Back to Top
CIM LOGO