Op der Streck tëscht Biissen a Viichten koum et e Samschdeg den Owend um 19 Auer zu engem Accident mat engem Auto.

D'Streck war wéinst dem Accident zäitweis fir de Verkéier gespaart. Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Biissen, e puer Ambulanze vun Ettelbréck an d'Police.