Onroue bei der ADR, well d'Sylvie Mischel erëmgewielt gouf

© RTL Archivbild
Dass d’Sylvie Mischel e Méindeg als Presidentin vun den ADR-Fraen erëmgewielt gouf, schéngt fir Onrouen an der Oppositiounspartei ze suergen.
''Ech diskutéiere parteiintern Problemer net an der Ëffentlechkeet'', dat sot de President vun der ADR Jean Schoos en Donneschdeg de Moien op Nofro hin. D'Aussoe vun der erëmgewielter Presidentin vun den ADR-Fraen, d'Sylvie Mischel, d'Partnerin vum Fernand Kartheiser, wären awer sécherlech Thema an der nächster Sëtzung vum Exekutivcomité vun der Partei. Hie wéilt perséinlech an eben net iwwert d'Presse mat de Parteikolleege schwätzen.
No Ofsprooch mam Parteipresident wollt en Donneschdeg de Moien och d'Nicky Stoffel hir Demissioun bei den ADR-Fraen net kommentéieren. Mam Nicky Stoffel war e Mëttwoch och d'Marceline Goergen aus dem Comité vun den ADR-Fraen ausgetrueden.
Iwwerdeems waren dem Jean Schoos seng Fra, an och d'Fra vum Generalsekretär Alex Penning ganz aus der Partei ausgetrueden.
Dat alles an der Suite vun e Méindeg. D'Sylvie Mischel gouf op d’mannst emol nees als Presidentin vun den ADR-Fraen erëmgewielt. Ufank Dezember zejoert hat si jo hir Funktiounen an der ADR no engem ganz ëmstriddene Facebook-Post néiergeluecht.
RTL NEWS: Alex Penning relativiséiert Re-Elektioun vum Sylvie Mischel