Alex Penning relativiséiert Re-Elektioun vum Sylvie Mischel

© Didier Weber / RTL Télé Lëtzebuerg (Archiv)
Nëmme 17 vun den ongeféier 800 weibleche Membere wieren um Kongress dobäi gewiescht. 6 dovunner hätte géint d'Madamm Mischel gestëmmt.
D’Frae-Sektioun vun der ADR hat e Méindeg hire statutaresche Kongress. Dobäi ass d’Sylvie Mischel als Presidentin zeréckgewielt ginn. Domadder ass Si och nees Member vum ADR-Nationalkommitee a vun der Exekutiv vun der Partei, ass an engem Schreiwes vun e Méindeg den Owend ze liesen.
De 9. Dezember hat d’Sylvie Mischel nach decidéiert all hir Funktiounen an der Partei, also d‘Vize-Presidence, an eben och d'Présidence vun den ADR-Fraen néier ze leeën, dat an der Suitte vun engem ëmstriddenen Facebook-Post, dee Si zwee Deeg virdru gemaach hat.
"Si ass awer net méi Vizepresidentin vun der Partei", betount den Alex Penning, Generalsekretär vun der ADR. Hien huet RTL vis-a-vis d'Wal vum Sylvie Mischel als Presidentin vun den ADR-Frae relativéiert. Vun den ongeféier 800 weibleche Membere wären der um Méindeg just 17 um Kongress gewiescht. 6 hätte géint d'Madamm Mischel gestëmmt. Et hätt och keng Géigekandidatur ginn. Vun engem Plebiscite, also enger grousser Majoritéit, kéint net rieds goen.
Intern hat et an der ADR Diskussioune ginn, no deem Facebook-Post. D'ADR-Fraen an der Sylvie Mischel hire Liewenspartner Fernand Kartheiser haten de President an och den ADR-Generalsekretär kritiséiert a personell Konsequenze gefuerdert.
"Mir hunn dat intern gereegelt", äntwert den Alex Penning. Et géife keng Problemer ginn, mä just normal Diskussiounen. Wéi an all Partei.
Eng Partei ass wéi eng Famill, do géif et Diskussioune ginn, dat misst och sou sinn, dovunner géif d'Politik liewen, dat seet och d'Sylvie Mischel. Et wär jo bal en Aschnëtt an d'Demokratie, wann ee géif probéieren de Vott e Méindeg um Kongress a Fro ze stellen.
17 Leit vun 800... de Pourcentage wär en ligne mat deem, wat an de Bezierker, op de Kongresser, souguer bei anere Parteie present wär. Do géifen net méi Leit kommen. Et wär een net an engem Waljoer.
2/3 hätte si gewielt. Et wär en interessanten a kontroverse Kongress gewiescht, sou d'Sylvie Mischel, déi och seet, datt si keng Ambitioune méi hätt, fir nees Vizepresidentin vun der ADR ze ginn.
Am Schreiwes vun e Méindeg den Owend froe sech d’ADR-Fraen iwwerdeems och, wéi noutwendeg esou eng Organisatioun wéi de Conseil national des femmes an eiser Gesellschaft nach wier. E wier op alle Fall keng representativ Daach-Organisatioun méi, ma villméi en Organismus, deen "géintiwwer senge Memberorganisatiounen eng ideologesch lénk Linn a d'Genderideologie wéilt duerchsetzen".