Geféierlech Industrie-OffällDeponie vun Déifferdeng huet bis haut keng kloer Rechtslag

RTL Lëtzebuerg
Bis haut géif et nämlech déi néideg Autorisatiounen a gesetzlech virgeschriwwen Etüden net ginn, sou d'Online-Plattform Reporter.
© www.googlemaps.com

De Crassier vun Déifferdeng déngt bis haut fir d’Entsuerge vu geféierlechen Industrie-Offäll. Dat schreift d’Online-Plattform Reporter, a schwätzt vun enger Deponie, där bis haut eng kloer Rechtslag géif feelen. Bis haut géif et nämlech déi néideg Autorisatiounen a gesetzlech virgeschriwwen Etüden net ginn.

Zanter Jore géifen déi staatlech Administratiounen d’Oflageren awer toleréieren. Ofgelagert goufen a ginn op deene gutt 150 Hektar tëscht Déifferdeng a Suessem, an der Haaptsaach Offäll, déi aus der Stol-Produktioun eraus entstinn.

Den Ëmweltministère huet Reporter géintiwwer confirméiert, dass et sech ëm eng illegal Deponie géif handelen, well se ni vun engem Minister autoriséiert gi wär. Ee vun de gréisste Problemer wär d’Deponie vun ArcelorMittal.

D’Gemengen Déifferdeng a Suessem géife scho mi laang eng Bestandsopnam vum Site fuerderen, mä geschitt wier bis haut näischt. Déi concernéiert Terraine gehéieren ArcelorMittal an dem Staat.

Back to Top
CIM LOGO