D'Nouvelle ronderëm eng illegal Drecksdeponie zu Déifferdeng kritt elo och politesch Suitten.

Zanter Jore gëtt et eng illegal Drecksdeponie zu Déifferdeng. ArcelorMittal géif um Crassier zu Déifferdeng geféierlech Industrie-Offäll entsuergen, ouni déi néideg Autorisatiounen ze hunn. D'Plattform reporter.lu hat dëst jo gemellt, an dës Nouvelle kritt och lo politesch Suitten.

D'nächst Woch kënnt d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an d'zoustänneg Chamberkommissioun, fir den Deputéierten Ried an Äntwert ze stoen.

An der Online-Press hat et geheescht, d'net-geneemegt Decharge wär en Ëmweltskandal, eng Praxis, déi vun de staatleche Verwaltungen zanter Jore géif toleréiert ginn.

Heizou muss d'Carole Dieschbourg da Positioun bezéien. Dat gëllt och fir eng parlamentaresch Fro vum DP-Deputéierte Gusty Graas, deen ënner anerem och no de Konsequenze freet, déi dësen Ëmweltskandal géif mat sech zéien.

Ënnert anerem goung jo och Rieds dovunner, datt duerch Schwéiermetaller verknaschtent Waasser an d'Kor (Chiers) géif lafen.

U sech goung an der Press direkt vun e puer Deponien Rieds, 150 Hektar tëscht Déifferdeng a Suessem, wou zanter Joerzéngten de verschiddensten Industrieoffall getippt gi wier.

Ee vun de gréisste Problemer wär d'Deponie vun ArcelorMittal.

D’Gemengen Déifferdeng a Suessem fille sech iwwerfuerdert, si géife scho méi laang eng Bestandsopnam vum Site fuerderen, mä geschitt wier bis haut näischt.

Déi concernéiert Terrainen gehéieren ArcelorMittal an dem Staat.