"Dat geschitt net einfach sou!". D'Mamm vum Affer sot dat e Mëttwoch am Prozess um Stater Geriicht géint e Mann vu 24 Joer, deen ugeklot ass wéinst Mord.

Hien hat am Juli 2018 zu Réimech der Fra hir deemools 22 Joer al Duechter déidlech mat engem Messer blesséiert, nodeems hie si geschloen hat. No der Dot hat den Ugeklote sech selwer an d'Long gepickt an huet missen noutoperéiert ginn.

Stater Geriicht/Reportage Eric Ewald

Voller Emotioun huet d'Mamm erkläert, d'Duechter wär blann gewiescht vu Léift a si géif all Dag op de Kierfecht goen.

D'Duechter an de Beschëllegten hätten net geschafft a si hätt dem Papp vum Ugeklote gesot, déi zwee kéinten net vu Loft a Léift liewen. Si hätt awer acceptéiert, dass hat hie wollt, well si d'Gléck vun hirer Duechter gewollt hätt. De jonke Mann, deen d'Wourecht net soe géif, wär dogéint jalous gewiescht an hätt net gewollt, dass d'Duechter Kontakt zu hir an zu där anerer Duechter hätt. D'Affer wär him höreg gewiescht. Hien hätt déi jonk Fra ënner Kontroll gehat, eng Duechter, déi hir och net gesot hätt, dass si schwanger wär; si hätt sech awer sou eppes geduecht.

De Brudder vum Beschëllegten da konnt sech d'Dot net erklären. Op d'Fro hi vun der Vertriederin vum Parquet, firwat d'Affer sech trenne wollt, sot de Brudder, souwäit hie wéisst, wär alles harmonesch gewiescht. Der Vertriederin vum Parquet no hat d'Affer awer fonnt, 4 Joer zesumme géifen duergoen, et misste keng 10 ginn. De Brudder war den Dag vun der Dot net wäit vum Appartement ewech, well hie säin Handy net héieren hat, hätt seng Schwëster engem Kolleeg ugeruff, fir ze soen: "Géi séier dohin, et ass eppes mam Brudder!" Seng Mamm wär op der Plaz gewiescht an hätt eréischt an enger zweeter Phas vu Blutt a vun engem Messer geschwat. Hie wär du mat engem Kolleeg eropgaangen, hätt d'Dier opgebrach an direkt vill Blutt gesinn. D'Affer a säi Brudder hätten an der Kiche geleeën an de Brudder hätt sech du mat engem Messer gepickt. Hien hätt dat Messer ewechgeholl a just dat gesinn, mä net dat rosat, mat deem d'Affer erstach gouf. Dat hätt sech net méi beweegt an 1-2 Stéch opweises gehat. De Brudder sot, séier gewosst ze hunn, dass déi jonk Fra dout wär. Hien hätt senger Mamm dat awer net direkt gesot. Eng DNA-Expert hat um Ufank vun der Sëtzung nach betount, de Beschëllegte wär zu méi wéi 99% de Papp vum ongebuerene Kand, dat d'Affer a sech hat.

Dëse Prozess geet e Freideg virun.