Eng Fra ausgaangs 80 ass e Mëttwoch den Owend am Alters- a Fleegeheem zu Bartreng um Coronavirus gestuerwen.

Eng 15 Persounen hu sech mam Virus infizéiert, déi Informatioune vu Reporter.lu krute mir vum "Parcs du 3ème Âge" confirméiert. Eng Persoun huet missten en Donneschdeg de Moien hospitaliséiert ginn, huet et weider geheescht.

Ma et sinn net nëmme Matbewunner vum Alters- a Fleegeheem, déi sech ugestach hunn, mä och zwee Mataarbechter si krank.

Allerdéngs wier d’Personal, entgéint deem, wat dobaussen zirkuléiert, gutt geschützt, gouf betount. Et hätt ee Schutzkostümer, Brëller, Schutzmasken an Händchen. Déi hätt ee sech op eege Fauscht ugeschaaft. Ma aus dem Gesondheetsministère hätt d’Haus direkt Hëllef versprach kritt, wat d’Personal ugeet.

De Moment këmmere sech jee no Schichten eng 6 bis 8 Persounen ëm déi Infizéiert, déi op engem Stack isoléiert goufen.

Den éischte Fall vum Coronavirus war am "Parcs du 3ème Âge" den 18. Mäerz opgedaucht.

© Domingos Oliveira / RTL