D'Clinique Bohler huet am Pôle Femme-Mère-Enfant nei Mesuren ëmgesat

© RTL Archivbild
Nodeems den 9. Mäerz ee Soignant vun der Clinique positiv op de Coronavirus getest gouf, sinn eng ganz Rei Mesuren am Pôle Femme-Mère-Enfant geholl ginn.
Zum Beispill duerf kee Mataarbechter méi einfach an d’Maternité, wann en net am Virfeld ee Questionnaire ausgefëllt huet. Et gëtt och d’Temperatur vun de Leit gemooss, si mussen d’Hänn desinfizéieren an e Mask undoen. Donieft versicht een d’Patientinnen ze trennen, fir datt een Infektioune verhënnert. D’Frae ginn och esou gutt et geet an Eenzelzëmmer geluecht, d’Puppelcher ginn de Fraen net ewech geholl, och wann d’Mamm sech mam Covid-19 ugestach huet, heescht et an engem Communiqué. D’Pappen allerdéngs kréie keen Accès an d’Maternité wärend der Hospitalisatioun vun der Mamm. Just bei net infizéierte Patientinnen, déi accouchéieren oder eng Cesarienne musse gemaach kréien, ass d’Präsens vum Papp erlaabt.
Fir d’Mammen an dëser schwéierer Zäit beschtméiglechst z’encadréieren, kënnen d’Fraen iwwert Tablette Kontakt mat hire Léifsten halen.
Wat de medezineschen Encadrement ugeet, setzen d’Dokteren och am Pôle Femme-Mère-Enfant op d’Téléconsultatioun. Eng Consultatioun op der Plaz ass awer ronderëm d’Auer assuréiert. Och fir Urgencen ass een op der Plaz. Wéi et am Schreiwes weider heescht, wier et wichteg an déi Struktur accouchéieren ze goen, wou och de Gynekologe vun der Patientin schafft, fir eng optimal Prise en Charge.
All Dag géif d’Situatioun nei evaluéiert ginn.
"Ech brauch eng Hiewan!"
D'ALSF proposéiert Hotline fir Mammen, déi grad e Kand kritt hunn
Duerch d’Gefor sech mam COVID-19 unzestiechen, erofzesetzen, reduzéieren d’Klinicken am Moment jo den Openthalt no der Gebuert vun de jonke Mammen an hire Kanner op e Minimum.
Déi liberal Hiewanne kënnen direkt an den éischte 24 Stonnen no der Gebuert doheem d’Mamm an d’Kand betreien an dat sou laang wéi néideg... D'Hiewanne bidde wärend der Corona-Kris Video-Consultatioun, oder Consultatioun via Telefon un.
Fir dat ze erméiglechen, huet d’CNS hinnen en Ofrechnungscode zur Verfügung gestallt.
D'Nummer vun der Hotline ass den 621630218, d'Email Adress ass alsf@pt.lu. Hei am Detail di ugebuede Prestatiounen :
- Téléconsultatioun wärend der Schwangerschaft a no der Gebuert
- Telephonesch Consultatioun wärend Schwangerschaft a no der Gebuert
- Online-Gebuertsvirbereedungscoursen
- Betreiung doheem no der Gebuert duerch eng Hiewan
- Stëllberodung
- a Villes méi