Fir den Optakt vun der Sëtzung en Dënschdeg huet de Chamberpresident Fernand Etgen alle Leit Merci gesot, déi an der sanitärer Kris musse schaffen.

Hien huet och wéi aner politesch Vertrieder déi leschten Deeg un d'Solidaritéit vun de Leit appelléiert. Den Dialog mat der Regierung wier gutt, esou de Fernand Etgen. D'Leit misste sech op d'Institutioune verloosse kënnen. Dës Kris brauch Vitess, fir d'Propagatioun vum Virus ze verhënneren a Vitess och, fir Mesuren en place ze setzen.

Direkt am Ufank vun der Seance huet d'ADR eng Motioun géint d'Corona-Bonds deposéiert. Solidaritéit a Generositéit schéin a gutt, esou de Fernand Kartheiser, mä et wier iwwert d'europäesch Verträg verbueden, d'Schold ze vergemeinschaften, do géifen et aner Mesurë ginn.

Déi Lénk hunn op hirer Säit eng Motioun deposéiert géint d'Reglement vun der Regierung, fir d'Aarbechtsstonne wärend dem Etat de Crise an d'Luucht ze setzen. Dat wier een Aschnëtt an d'Aarbechtsrecht, esou déi Lénk, dofir wëlle si, datt den Aarbechtsminister no der Kris ee Bilan presentéiert, wéi vill Betriber op dës Mesure zeréckgegraff hunn. All d’Fraktiounen an der Chamber hunn d’Motioun vun déi Lénk ënnerzeechent.

De Wirtschaftsminister Franz Fayot huet an der Chamber betount, datt d'Deelzäitaarbecht eng vun de wichtegste Mesuren an dëser Kris wier. 16.000 Demandë koume bis ewell beim Ministère eran. Do wieren awer Doublanten dobäi, esou de Franz Fayot.
Et géif een am Wirtschaftministère speziell observéieren, ob d’Krisenelementer wierken. Dat war jo eng vun de Fuerderunge vun den Deputéierten.

De Franz Fayot huet dann och annoncéiert, datt et direkt Nobesserunge ginn am Beräich vun de Start-Uppen. Dat sinn Entreprisen, déi manner wéi 5 Joer al sinn. Am Fuerschungs- an Innovatiounsgesetz stinn Hëllefe fir innovativ Start-Uppen. Do kann eng Aide mat engem Plaffong vun 800.000 Euro ausbezuelt ginn. Déi Aidë solle méi grouss opgemaach ginn, esou de Franz Fayot. De Staat wëll do 70 Prozent oder méi vun de Besoinen iwwerhuelen, fir datt de Businessplang vun engem Betrib opgeet. Bis elo waren et 50 Prozent, déi de Staat iwwerholl huet.

D’Betriber sollen op eng onbürokratesch Manéier Liquiditéite kréien: Gesetzprojet eestëmmeg ugeholl

Chamber - Mesure fir Betriber/Reportage Nadine Gautier

Dofir gouf ee Gesetzprojet an der Chamberplenière debattéiert, mat deem eng Hëllef an Héicht vun am Ganzen 300 Milliounen Euro soll u Kleng- a Mëttelbetriber gi ginn. Mëttlerweil goufen déi, déi vun den Hëllefe kéinte profitéieren, ausgebreet. Och grouss Entreprisen an Independantë solle se kënne kréien.

Maximal kann ee Betrib bis zu 500.000 Euro kréien. Et hätt ee sech dogéint entscheet, dee Montant op 800.000 Euro ze héijen, well ee soss net séier genuch weiderkomm wier, well d’Prozedur nach mol hätt misste lancéiert ginn.

De Projet de Loi, deen um Dësch läit, hält awer eng Rei Konditioune fest: Zum Beispill duerf een net scho virun der Kris finanziell Problemer gehat hunn. E Plan de redressement muss opgestallt ginn, well no 12 Méint d’Sue musse ugefaange ginn, zeréckbezuelt ze ginn. All dës Explikatiounen huet d’Rapportrice vum Projet d’Carole Hartmann vun der DP ginn.

Dat, wat am Projet de Loi virgesinn ass, soll och réckwierkend op den éischte Januar gëllen, fir datt jiddereen, dee concernéiert ass, vun der Mesure ka profitéieren.

Fir de Marc Spautz vun der CSV duerfen déi Hëllefen net zu enger deloyaler Konkurrenz féieren. Fir d’CSV ass et och wichteg, datt et net ze vill administrativen Opwand fir d’Betriber gëtt, fir de Plan de redressement ze stellen, well een nach net weess, wéi laang déi Kris dauert.

De Marc Spautz vun der Oppositiounspartei huet dann och eng Iddi avancéiert. Déi Leit, déi ënnert de Chômage partiel falen, verléieren jo 20 Prozent vun hirem Loun. Do misst et och méiglech sinn, datt d’Banken d’Prête vun deene Leit strecke géifen. Et géif ee jo och de Betriber hëllefen, da misst et och méiglech sinn, de Privatleit ze hëllefen, esou de Marc Spautz.

Verschidde Betriber wäerte mat enger Schrumm duerch dës Zäit kommen, esou den DP-Deputéierten André Bauler. Et geet drëms, de Vollcrash ze verhënneren. Dat ass just méiglech, well eis Staatsfinanze gesond waren, ier et zu dëser Kris koum, esou den DP-Politiker. Et misst ee sech och bewosst ginn, wéi eng Produktiounen an Europa musse bleiwen, fir datt een net op d’Ausland ugewisen ass.

D’LSAP dréit de Gesetzprojet mat, esou d’Tess Burton. Well een de Betriber Liquiditéite gëtt. Allerdéngs géif ee sech Suergen ëm d’Aide remboursable maachen, well een net wéisst, wéi d’Perten herno ausgesinn, an een net weess, wéi d’Entreprisen déi opgefaange kréien. Si wier awer zouversiichtlech, datt d’Regierung kee fale wäert loossen. D’LSAP wier och dofir, datt de Plan de redressement flexibel gelooss sollt ginn.

D’Sozialiste begréissen dann och, datt d’Mesure och fir Kulturschaffend applizéiert gëtt. Et géif ee grad an dësen Zäite gesinn, wéi wichteg d’Kulturzeen hei zu Lëtzebuerg ass. Wéi och d’CSV an d’DP huet och d’LSAP erkläert, fir eng Hausse vun der Hëllef vun 500.000 op 800.000 Euro ze sinn.

Et war eng gutt Iwwerleeung, datt een de Montant vun Aiden op 500.000 Euro gesat huet. Et kéint een nach ëmmer noschéissen an de Montant op 800.000 eropsetzen, sollt dat néideg sinn. Esou géif een och verhënneren, datt d’Entreprisë sech ganz héich verschëlden, sot op hirer Säit d’Stéphanie Empain vun de Gréngen.

Fir d’ADR duerf et net bei enger eemoleger Hëllef vu 5.000 Euro bleiwen oder bei esou enger Mesure, déi duerch de Gesetzesprojet virgesinn ass. Et wier domadder net gedoen, esou de Roy Reding. Et misst een och Subsiden un d’Betriber ginn, déi net remboursable sinn. Dat wier och mam europäesche Wettbewerbsrecht kompatibel, well dat jo wéinst der Kris opgemaach gouf, esou den Deputéierten.

Wat d’Zënslaaschte fir Betriber beim Remboursement ugeet, wier d’Gesetz stomm, esou de Roy Reding. D’Betriber bräichten awer Planungssécherheet. D’Gesetz misst nogebessert ginn.
Et ass net de Moment, fir knéckeg ze sinn: De Marc Baum vun déi Lénk hätt sech eng méi differenzéiert Approche am Gesetz gewënscht. D’Äntwert op d’Problemer vun de verschiddene Secteuren hätt méi nuancéiert missten ausfalen. Well d’Secteure ganz verschidde funktionéieren. Een Handwierker kéint d’Hëllef aneschters zeréckbezuele wéi ee Coiffeur, dee seng Perte net méi opgeschafft kritt.

Déi direkt Hëllef vu 5.000 Euro fir kleng Betriber ass ee begréissenswäerte Schratt, mä dat geet net duer, wann een och un d’Loyeren denkt, esou de Marc Baum. Den Deputéierte vun déi Lénk huet dann och mat Vue op d’Start-Uppe gemengt, datt d’Regierung bal keng Hëllefe fir déi virgesinn huet, obwuel et eng Regierung wier, déi op esou Entreprisë setze wëll.

De Marc Baum wollt dann och nach eppes aneschters uschwätzen: de Militärsatellit. D‘Militärausgabe sollen hei agefuer ginn, esou den Deputéierte vun Déi Lénk, dee sech entsat driwwer gewisen huet, datt de Lëtzebuerger Militärsatellit elo ronn 180 Milliounen Euro méi deier gëtt wéi ursprénglech geplangt. Mat deene Sue géife keng Paie bezuelt ginn.

Hannert all Entreprise sti Mënschen. Et ass un eis ze versichen, d’Ekonomie oprecht z’erhalen. Et kéint een net garantéieren, datt d’Iwwerbréckungsmesurë fir jiddereen e Succès wäerte sinn, esou de Sven Clement vun de Piraten. Et géif net duergoen, emol Suen an d’Wirtschaft ze pompelen. Au Contraire, et misst een evaluéieren, ob de Package een Impakt huet a wéi een. An dann nach emol usetzen.

Reaktioun vun der Chambre de Commerce

D'Chambre de Commerce begréisst de Gesetzprojet iwwert eng  Garantie vum Staat, fir Betriber, déi e Prêt musse maachen, fir duerch dës Kris ze kommen. De Finanzminister Pierre Gramegna hat dëse Gesetzprojet d'lescht Woch op senger gemeinsamer Pressekonferenz mam Wirtschaftsminister Franz Fayot a mam Mëttelstandsminister Lex Delles virgestallt

An hirem Avis schreift d'Chambre de commerce awer, datt verschidden Definitiounen an Notiounen nach musse präziséiert ginn, fir eng méi grouss juristesch Sécherheet ze schafen an datt d'Banken dëse Gesetzprojet voll a ganz mussen ënnerstëtzen.

Et ass jo virgesinn, datt si 15 Prozent vum Risiko droen, de Staat déi aner 85 Prozent.

Den Deel vum Staat ka bis zu 2,5 Milliarden Euro ausmaachen.