En Donneschdeg de Moie konnt Dir eis live op RTL Radio Lëtzebuerg Är Meenung soen a Froe stellen. De Minister Claude Meisch huet geäntwert.

Dir hat um Donneschdeg de Moien d'Wuert um Radio, iwwer d'Re-Ouverture vun de Schoulen a Betreiungsstrukturen.

Resumé vum "Dir hutt d'Wuert" - Reportage Claudia Kollwelter

De Minister Claude Meisch war bei eis am Studio fir op Är Froen ze reagéieren. Honnerte vu Messagë sinn erakomm, vill fannen et gutt an néideg, datt d'Schoulen nees opginn. Et misst ee léiere mam Virus ëmzegoen, Schoul wär wichteg.

Mä et ginn och vill kritesch Stëmmen, Leit, déi sech suerge maachen. Wéi een am Cycle 1 soll d'Distanzen halen a wéi et do mam Mondschutz geet, hu vill Leit gefrot? Vill mengen der och, de Cycle 1 soll net obligatoresch sinn. De Minister Meisch weess, datt een déi kleng Kanner net sou gutt kann auseneen halen, dat wär och net kandgerecht. Hei gëtt nach un Hygiènesreegele geschafft. Et wäert mol sécher méi gebotzt ginn an de Schoulen. Vu wéi vill Joer un e Buff oder eng Mask Sënn maachen, gëtt och nach genee gekuckt. Offiziell soss am ëffentleche Raum mussen d'Kanner vu 6 Joer un e Mondschutz unhunn, wann déi zwee Meter net kënnen agehale ginn.

De Minister huet och ënnerstrach, datt net den Enseignant responsabel ass, wann awer e Kand sech ustécht.

De Claude Meisch

De Claude Meisch sot weider, datt am Fondamental déi Woch viru Päischten all Schüler säin Enseignant soll gesinn, d'A a B-Schüler, d'Woch gëtt opgespléckt. Bis d'Summervakanz huet all Schüler 17 Deeg Schoul, déi aner Deeg gëtt doheem widderholl.

Wann ee Betreiung mëttes no eng Auer brauch, bleift de Grupp och getrennt vun deenen anere Schüler. Déi ganz Organisatioun souwuel wat d'Raimlechkeeten an d'Personal sinn e groussen Defit, de Minister ass awer zouversiichtlech, datt een dat hikritt.

Den Educatiounsminister huet um Donneschde de Moien och op RTL annoncéiert, datt de Congé pour raisons familiales am Prinzip vum 25. Mee un ausleeft, wann d’Betreiungsstrukturen nees op ginn. Et kann een dann och seng Kanner an d'Betreiung ginn, wann ee bis ewell net dovunner profitéiert huet. D’Betreiungsstrukture ginn och op fir Kanner, déi bis elo zum Beispill vun de Grousseltere betreit goufen.

Exceptioune fir den Elteren-Congé gesäit de Minister héchstens bei vulnerabele Persounen.

Erënnere mer och nach eemol drun, datt et eng offiziell Hotline gëtt, wou ee kann uruffe wann ee Froen huet zu de Schoulen a Betreiungsstrukturen. Dat ass den 8002 90 90.

Um Internet op men.lu gëtt et och eng Rubrik, wou déi heefegst Froe beäntwert ginn.

Dir hutt d'Wuert - De Replay vun der ganzer Emissioun