Zanter engem gudde Mount beschäftegt sech Research Luxembourg mat deem Thema. Et wier wichteg, d'Wirtschaft ze relancéieren, allerdéngs mat koordinéierte Strategien.
E permanente Lockdown hätt eng enorm Konsequenz op déi Lëtzebuerger Ekonomie an et wier elo de Moment, an den Deconfinement iwwerzegoen. Dëse Lockdown huet de Grand-Duché vis-à-vis vun aneren europäeschen Länner wéinst der Constitutioun an der Diversifikatioun vun de Secteuren net esou vill kascht an e plus war och den Teletravail, dat heescht schaffe vun Doheem. Doduerch hätt Ekonomie weider gedréint. Eng Relance geet awer net vun haut op muer. Et misst een Zäit aplangen.
„Dat kann e progressiv opbauen, natierlech, mat deenen néidege sanitäre Mesuren. Dat ass ganz wichteg an ass och de But vun eisen Modell, fir ze weisen, wéi déi ekonomesch a wirtschaftlech Decisiounen en Impakt op sanitär Dynamik hunn a vis versa. Elo ass et wichteg, eng koherent Politik opzebauen", sot Prof. Dr. Aline Muller, CEO vum Luxembourg Institute of Socio-Economic Research (LISER).
Dofir brauch een awer koordinéiert sanitär an ekonomesch Strategien. Lëtzebuerg ass eng kleng an oppen Ekonomie mat vill Frontalieren. Dowéinst misst een zesumme mat den Nopeschlänner Exit-Strategien ausschaffen an et wier immens wichteg, den Deconfinement richteg ze begleeden. D'Konsequenz vun enger schlechter Gerance wier nämlech en zousätzleche Lockdown. An dee soll evitéiert ginn.
"Mee dat seet Zukunft eis. Mir probéieren esou gutt wéi méiglech ze kalibréieren, wéi sozial Distanz, Mesurë kënne matspillen, a wéi Teststrategië mat hëllefe kënnen. Et ass extrem wichteg, esou fréi wéi méiglech an esou séier wei méiglech, ze identifizéieren, wou de Virus ass, fir dësen ze isoléieren."
Genau dorunner muss geschafft ginn, well wéi d'Aline Muller et betount huet, wier et e kollektive Projet.
