Sozialplang bei der SES zu BetzderNach keen Accord op kruziale Punkten

Jeannot Ries
D'Verhandlungen tëschent Direktioun a Gewerkschafte lafen um Donneschden aus, ob et zu engem Duerchbroch kënnt, bleift awer onkloer.
Sozialplang bei der SES zu Betzder
D'Verhandlungen tëschent Direktioun a Gewerkschafte lafen um Donneschden aus, ob et zu engem Duerchbroch kennt bleift awer onkloer.

Et war eng batter Pëll, wéi Enn Mee d'Nouvelle koum. Grad eent vun den Aushängeschëlter vun der nationaler Wirtschaft misst de Rimm unzéien. D'Société Européenne de Satellites. Gebuer Mëtt der 80er Joren hei zu Lëtzebuerg. Gewuess zur Nummer 1 weltwäit, wat Kommunikatiouns- an Telediffusiounszerwisser ubelaangt. Iwwer 2.100 Mataarbechter global, dovun eng 600 um Haaptsëtz zu Betzder. 10-15% vun deenen Aarbechtsplaze sollten ofgebaut ginn.

"Wann een den Ament all déi Leit eraus hëlt, déi iwwert d'Fréipensioun-Ajustement eng Léisung kennen ugebuede kréien, ass d'Zuel vun de Persounen, déi nach op der Lëscht vum Sozialplang stinn, considérablement verréngert ginn," seet d'Julie Roden vum OGBL. Déi genee Zuele léien nach fest, de Site vu Betzder kéint um Enn awer mat engem bloen Aen dervu kommen, mat enger vun 30 Platzen déi ewechbrieche géif.

Ma wéi konnt et dozou kommen?

Zanter enger Rei Jore schmëlzt den Ëmsaz beim Satellittebedreiwer, bis ënnert d'symbolesch Lat vun 2 Milliarden Euro d'lescht Joer. Goufe viru Joren nach Beneficer vu gutt 500 Milliounen Euro d'Joer gemaach, sou ass et haut just nach d'Hallschent. De Secteur ass am Wandel. De Video, d'Geschäft mat de Satellitten ass weider Profitabel, awer am Réckgang. Networks, den Internet, developpéiert sech, ass awer nach net esou profitabel.

"An de leschte Jore goufe vill Acquisitioune vun der SES weltwäit gemaach"; erkläert d'Julie Roden,"elo gëtt et de Wonsch, verschidden Zerwisser zeréck op Lëtzebuerg ze huelen". Dat géif e gewëssen Domino-Effekt mat sech bréngen. "Mir schwätzen net nëmme vun Networks a Video. Doduerch, datt regroupéiert gëtt, si verschidde Positiounen, déi verschwanne wäerten. Dat och am Departement Juridique, an de Finanzen, am Marketing."

Um leschten Dag vun de Verhandlungen um Donneschde bleiwen nach eng gutt Partie kruzial Punkten ze klären, dorënner d'Compensation financière extra-légale, bei där d'Gewerkschaften net Wëlles hu vill Spillraum ze loossen, oder nach d'Lafzäit vum Sozialplang. Dat ganzt an enger Atmosphäre, an där de Fait, datt Personaldelegéiert mat Mandat hir Plaz kéinte verléieren, e Bäigeschmaach hannerlooss huet.

RTL (03.07.): "Zuel vu betraffene Leit konnt a Verhandlunge reduzéiert ginn"
RTL (12.06.): "OGBL: "D'Regierung vergësst hir Engagementer""

Back to Top
CIM LOGO