
Zu Garnech war e Samschdeg den Owend géint 19 Auer en Automobilist a Schlaangelinnen ënnerwee, deen och e Platten hat. Nodeems d'Gefier vun der Police konnt lokaliséiert a gestoppt ginn, war den Alkoholtest positiv an de Fürerschäin fort. Den Auto ass op Uerder vum Parquet confisquéiert ginn.
Bei der Kontroll vun engem Automobilist an der Glesenerstrooss an der Stad huet sech och erausgestallt, datt de Chauffer ze vill gedronk hat. Och säi Permis ass agezu ginn. Duerno ass enger Patrull am Garer Quartier e Gefier opgefall, dat duerch Rout gefuer ass. No enger Kontroll war och hei kloer, dass ze vill Alkohol am Spill war an de Chauffer säi Fürerschäin lass.
Weider alkoholiséiert Automobilisten, déi ze vill gedronk haten an dowéinst de Permis ofgeholl kritt hunn, huet d'Police zu Wanseler an zu Déifferdeng gestoppt. Am leschte Fall ass och nach den Auto confisquéiert ginn, well géint de Schëllege schonn e Fuerverbuet virlouch.
Donieft ass d'Police e Samschdeg Owend géint 22 Auer op Bouneweg an e Lokal geruff ginn, an deem eng alkoholiséiert Fra sech donieft beholl huet. Nodeems si virun der Dier net berouege wollt, hunn d'Beamte decidéiert, si mat op de Büro an den Arrest ze huelen. Deem huet d'Fra sech awer widdersat an ee vun de Poliziste liicht blesséiert. No enger Visitt beim Dokter ass si dunn an eng Zell agespaart ginn.
Och zu Bascharage ass et e Samschdeg den Owend zu Sträit komm, wéi méi Persounen unenaner gerode waren. 3 bedeelegt Leit sinn doropshin an den Arrest komm.