Zu Diddeleng ginn et kloer sozial Ënnerscheeder tëscht de Quartieren an en Drock um Wunnengsmaart, dee wiisst. Dat weist den neien Observatoire social, deen d'Stad Diddeleng zesumme mam LISER, dem Lëtzebuerger Institut fir sozio-ekonomesch Recherchen, presentéiert huet. Mat dësem Instrument soll déi sozial Entwécklung an Zukunft op Basis vu ville sozialen, demografeschen an ekonomeschen Indicateure méi genee analyséiert ginn. Statistiken, déi als Guide fir sozialpolitesch Decisiounen zu Diddeleng dénge sollen.
Fir d‘Stad Diddeleng ass et den éischte Rapport, den Indicateuren, wéi Logement, Aarbechtsmarché a Soziales, iwwert demografesch a sozial Sujete beliicht, fir e Réckbléck op d‘Entwécklung vun de leschte Joren ze ginn. D'Resultater weisen eng Stad am Wandel. D'Populatioun gëtt méi divers, ënner anerem duerch Migratioun. An engems verännere sech d'Familljestrukturen. Et ginn ëmmer méi elengerzéiend Elteren a Singles.
Op sozialem Niveau ginn et däitlech Ënnerscheeder tëscht de Quartieren. Akommes an Aarmutsrisiko variéiere jee no Wunngéigend. D‘Quartieren aus dem südleche Staddeel sinn dovu méi staark betraff wéi anerer.
Fir dës Differenze besser ze verstoen an ze visualiséieren, setzt d'Etüd ënner anerem op kartographesch Analysen, wéi de Frédéric Durand, Fuerscher vum LISER, erkläert:
"Et à travers la réalisation de ces cartes on peut mieux interpreter soit l‘intensité, soit les convergences ou des divergences entre les quartiers. Je trouve que c‘est beuacoup plus facile d‘interpreter. Parce que avec les données, les analyses, l‘idée après c‘est d‘interpreter les resultats et de leurs donner du sens."
En zentralen Defi bleift natierlech wéi och soss de Logement. D'Loyere sinn an de leschte Jore stramm geklommen an den Drock hëlt zou. Parallel dozou ass och d'Nofro fir Sozial Hëllef héich. Dës Entwécklunge wëll d'Stad an Zukunft nach méi genee analyséieren an an engem nächste Schrëtt verdéiwen, betount den Diddelenger Buergermeeschter Dan Biancalana:
"Mir wäerten elo un engem zweete Rapport weiderschaffen, wou mir och kënnen eng ganz Rei Donnéeë verdéiwen, fir nach méi eng Granularitéit deementspriechend ze hunn iwwer déi Realitéiten, déi eis 22.400 Biergerinnen a Bierger, déi hei an Diddeleng liewen an deene verschiddene Quartieren. Déi sinn natierlech grondverschidden, och den Observatoire huet eis do ganz kloer gewisen, dass eng aner Realitéit besteet am Norde vun Diddeleng, respektiv am Zentrum oder Süde vun Diddeleng."
Trotzdeem weist d’LISER-Etüd och positiv Elementer. Diddeleng huet ee staarkt Veräinsliewen, wat sech positiv op d'sozial Kohäsioun auswierkt.
Op Basis vun dëse Resultater soll elo an enger nächster Approche e Plan de cohésion sociale ausgeschafft ginn, fir mat gezielte Mesuren op d'Besoine vun den Diddelenger ze reagéieren.