Research LuxembourgD'Auslaaschtung vun den Zentere geet an d'Luucht

RTL Lëtzebuerg
Dat op zum Beispill en Donneschdeg net grad 12.500 Tester, dat sot den Ulf Nehrbass, de Generaldirekter vum Luxembourg Institute of Health.

En Donneschdeg de Moien am Staatslabo zu Diddeleng war eng entspriechend Pressekonferenz. Do goufen ënnert anerem déi neist Chifferen zum sougenannte "Large-scale-testing" bekannt. Bis Ugangs der Woch gouf et hei am Land 280 positiv geteste Patienten.

D'Participatioun un deenen Tester op breeder Basis léich de Moment bei iwwer 50%, dat heescht, et géif gutt vun der Populatioun matgemaach ginn, woubäi awer nach Loft no uewe wär.

De Paul Wilmes, Professer um Luxembourg Centre for Systems Biomedicine, huet ugekënnegt, dass an enger zweeter Phas vum "Large-scale-testing" nom 27. Juli d'Stéit am Fokus wären.

"Mir erwaarden eng zweet Well eréischt um Enn vum Joer.", huet iwwerdeems den Alexander Skupin vum LCSB erkläert, a sengen Ae wären d'Tester op breeder Basis an de Contact tracing essentiell, fir en Ënnerdrécken oder Miniméiere vun enger zweeter Well.
A punkto CON-VINCE-Etüd war et d'Ausso vum Rejko Krüger vum Luxembourg Institute of Health, dass sech hei am Land eng Immunitéit opgebaut hätt, och wann een nach wäit vun enger sougenannter "Herdenimmunitéit" ewech wär.

Zu gudder Lescht huet den Henry-Michel Cauchie vum Luxembourg Institute of Science and Technology betount, dass zanter Enn Juni d'Spuere vum Virus am Ofwaasser erëm an d'Luucht ginn an dass en 1. Fall de 24. Februar am Ofwaasser vun der Kläranlag zu Schëffleng fonnt gouf.

Back to Top
CIM LOGO