Dës Woch46 Perquisitiounen am Zesummenhank mat Kannerpornographie

RTL Lëtzebuerg
Vun e Méinde bis en Donneschdeg gouf et uechtert d'Land op Grond vun Europol-Informatiounen 46 Perquisitiounen am Zesummenhank mat Kannerpornographie.
46 Perquisitiounen am Zesummenhank mat Kannerpornographie
Vun e Méinde bis en Donneschdeg gouf et uechtert d'Land op Grond vun Europol-Informatiounen 46 Perquisitiounen am Zesummenhank mat Kannerpornographie.

Dat hu Police- a Justizresponsabler um Freide Moien op enger Pressekonferenz bekannt ginn. Eng 100 Policebeamte ware bei deene 14 Perquisitiounen am Geriichtsbezierk Dikrech an den 32 aneren am Geriichtsbezierk Stad dobäi. Dës grouss ugeluechten Operatioun sollt u sech schonn am Mäerz an am Abrëll sinn, war awer du wéinst dem Coronavirus an d'Waasser gefall. Suerge mécht engem zoustännegen Enquêteur de Fait, dass eppes méi wéi en Drëttel vun de Leit, bei deene sou eng Perquisitioun war, mannerjäreg sinn.

Heirauser gi 46 eenzel Dossieren, sot den David Lentz, Procureur d'État adjoint um Stater Parquet. Am Prinzip hätten déi 46 Dossiere kee Lien mateneen.

„46 Leit ass schonn eng horrend héich Zuel! Mä dat bedeit nach näischt, wann ee kuckt d'Material, wat ee saiséiert huet, well bei Verschiddener si vläicht nëmmen e puer Biller dobäi, bei Anerer hu mer e ganzen Harddisk vu Biller. An all Bild - an dat ass dat Schrecklechst dobäi -, all déi Biller sinn d'Biller vun engem Kand, wat iergendwann eng Kéier sexuell ausgebeut oder maltraitéiert ginn ass! Dat ass all Kéiers en Drama fir all Bild, fir all Kand, wat do am Mëttelpunkt vun deenen Chatten, Fotoen, Filmer, Videoe ass!“

Dem Vertrieder vun der Justiz no hätten dës Dossieren op den 1. Bléck näischt mat der rezenter grousser Kannerpornographie-Affär vu Bergisch-Gladbach an Däitschland ze dinn.

Fir de Claude Weis vun der Sektioun Jugendschutz an Infraktioune mat sexuellem Hannergrond vun der Police Judiciaire ass d'Unzuel u Perquisitiounen net alldeeglech, a si wäre just en 1. Schrëtt. Den Enquêteur huet den Hannergrond un Hand vun engem Beispill wëllen duerleeën.

„Ech wollt Iech dat awer och mol eng Kéier matdeelen, dass Der wësst, vu wat dass mir hei schwätzen! Dat hei ass en Chat tëscht zwee erwuessene Männer. Den Chat geet un, dass eng Foto vun engem 10 Joer ale Meedche verschéckt gouf, dat hallef plakeg ass. Déi zwee schwätzen dann iwwert déi Foto, respektiv iwwert dat Meedchen, an da gëtt dann d'Fro gestallt, vun deem engen un deen aneren - ech liesen Iech elo tel quel vir -: Wie weit würdest du gehen? Kritt dann deen een d'Fro gestallt. An deen äntwert dann: Sie über ein Wochenende ohne Grenzen, ohne Rücksicht, ohne Regeln, ohne Gnade kaputt foltern und qüalen. D.h. hei schwätze mer vun engem 10 Joer ale Meedchen, an hei schwätze mer vun zwee erwuessene Männer, déi dat do schreiwen!“

Dat wär nach dat Harmloost gewiescht, sou de Police Judiciare-Vertrieder, fir deen de sexuelle Mëssbrauch vu Mannerjäregen net ophält an eng weltwäit Plo duerstellt.

E laangjäregen Enquêteur vun der Police Judiciare-Sektioun Jugendschutz an Infraktioune mat sexuellem Hannergrond huet erkläert, dass dee Jéngsten, deem säin Haus duerchsicht gouf, 11 an deen Eelsten iwwer 70 Joer al war! De Claude Weis huet dann och absënns Bedenke wéinst de Mineuren.

„Mat de Mineuren hu mer de Problem - an dat wësst Der och alleguer -: Déi sougenannt Nudes, déi verschéckt ginn an de Schoulen, dat ass eng Problematik, wou mir an der Police judiciaire iwwerlaf ginn domat!"

An deem Kontext wäre 4 Perquisitioune gemaach ginn, an och do géif ee vu knallhaarde Saache schwätzen.

„...bei Mannerjärege vun 11 Joer! Da musse mer eis als Gesellschaft, mengen ech, ufänken, Gedanken och ze maachen, dass dat net ka sou weider goen, an et muss ee sech och Gedanke maachen, wéi mer do eppes kënnen drun änneren!“.

Dem David Lentz no géif een all dat Material elo auswäerten, fir Affer identifizéieren ze kënnen, Affer vläicht hei aus dem Land. Wéi de Procureur d'Etat adjoint erkläert huet, kéimen am Duerchschnëtt tëschent 30 a 40 där Affären an eng Geriichtssëtzung. Bis Juni dëst Joer wieren 72 Dossiere gezielt ginn, soudass een um Enn vum Joer wuel iwwer 100 Stéck léich.

Op de Geriichter géif et „null Toleranz an eng automatesch Strofverfolgung“ bei sou Faite ginn, huet den David Lentz, Procureur d'État adjoint um Stater Parquet, gëschter deklaréiert. D'Jugendschutzgesetz géif villes erméiglechen:

„Dat kënne Konditioune sinn, déi mir opzwéngen, dat kënnen Therapië sinn, dat kënnen Oeuvres philantropiques sinn, dat kann och eng Citatioun sinn, eng Citatioun bei de Jugendriichter, wann ee mengt: Dat dote geet schonn doriwwer eraus, do musse mer an eng Sëtzung kommen, do musse mer bei e Riichter kommen. Da kann et eng Citatioun gi bei e Jugendriichter, wou een dofir ka bestrooft ginn, ënner anerem. Et kann ee gehollef kréien, mä gläichzäiteg bestrooft ginn!“

E Mineur iwwer 16 Joer, dee schlëmm Saache gemaach huet, ka souguer op d'Strofgeriicht zitéiert ginn, wéi en Erwuessenen; d'Strofe léichen z.B. bei bis zu 5 Joer Prisong, an et kéinten och Verbueter gesprach ginn, fir mat Kanner a Kontakt ze kommen.

De Claude Weis vun der Sektioun Jugendschutz an Infraktioune mat sexuellem Hannergrond vun der Police judiciaire huet d'Zuel vun de Perquisitiounen, dës Woch, net alldeeglech genannt:

„Dat ass och fir eis e grousse Manöver gewiescht. Wéi och scho gesot gouf: 100 Beamten hu mer misse bougéieren! Dat sinn der elo, géif ech soen, bal 80%, déi elo näischt direkt mat där Matière ze dinn haten, déi sech fräiwëlleg gemellt hunn! Dofir och nach eng Kéier e grousse Merci un déi alleguer, dass déi eis eng Hand hei ugepak hunn, soss hätte mer dat hei net kënne maachen!“

Wat d'Diskussiounen iwwert d'Policefichieren ugeet, war et déi kloer Ausso vum Claude Weis, dass een därer bräicht:

„Mir musse wëssen, ob ee viru 5-6 Joer schonn eng Kéier dobäi war bei der Kannerpornographie, mir musse wëssen, ob ee virun e puer Joer schonn eng Kéier e Kand ugepak huet, an dat kann net sinn, dass mir hei schwätzen: e Recht op Vergiessen. An eiser Matière net!“

A senger Sektioun befaasse sech 12 Beamte mam Mëssbrauch vu Kanner; duerch d'psychesch Belaaschtung hätten och scho Kolleegen hir Aarbecht opginn, huet den Enquêteur nach ënnerstrach.

Back to Top
CIM LOGO