Corona-KrisUrgenten Appell fir Hëllef vun der Horesca

RTL Lëtzebuerg
D'Hausse vun de Corona-Infektioune géing dem Ruff vu Lëtzebuerg schueden, sou d'Horesca.

En urgenten "Appell fir Hëllef" - net méi oder manner lancéiert den Horesca-Secteur a weist sech besuergt iwwert d'aktuell Zuel vun Neiinfektiounen, déi alarmant wieren a katastrophal Repercussiounen op d'Ausland hätten - an do natierlech op Touristen, déi u sech sollten hir Vakanz am Grand-Duché verbréngen.

Wéi et heescht, riskéiere vill Hotelsbetriber, duerch déi vill Annulatiounen an d'Faillite ze geroden.

Wann et zu engem zweete Lockdown kéim, kréich sech de Secteur vun de Bistroen, Restauranten an Hotelle sécher net nach emol op d'Been gestallt, souguer och mat staatleche Subsiden.

D'Horesca-Responsabel bedaueren dann och, datt keng präzis Informatioune vun der Santé public gemaach ginn, virun allem wou sech iwwerall Leit mam Covid19-Virus infizéiert hunn.

D'Horesca freet d'Leit, déi hire 50-Euro-Bong an engem Lëtzebuerger Hotelsbetrib aléisen, am beschten den Openthalt direkt beim Hotel oder Camping ze buchen an net iwwert eng Online-Reservatiouns-Plattform ze fueren, well dës Sitten alleguer eng héich Kommissioun kasséieren - eppes wat de Secteur nach weider géif fragiliséieren.

PDF: Offizielle Communiqué vun der Horesca

Back to Top
CIM LOGO