Bilan Teletravail (1)En Trend, deen och no der Pandemie wäert erhale bleiwen

RTL Lëtzebuerg
Ass den Teletravail ee Schaff-Modell, dee sech kann duerchsetzen? Nieft Avantagen, wéi méi Flexibilitéit a manner Stau, ginn et och eng Rei Desavantagen.
Avantagen an Desavantage vum Teletravail
Et ass en Trend, bedéngt durech d'Pandemie, dee wäert zouhuelen. dat seet de Jean-Jacques Rommes, President vum Conseil économique et social.

Avantagen an Desavtange vum Teletravail / Nadine Kremer

Duerch d'Pandemie gouf festgestallt a wéi wäit ee vun der Digitaliséierung profitéiert, fir den Home Office ze realiséieren, seet de Jean-Jacques Rommes, President vum Conseil économique et social:

"Den Teletravail ass eppes, wat vum Trend hir wäert zouhuelen, awer e bleift complementaire. Déi Virstellung, dass muer d'Hallschent vun de Leit vun doheem aus schafft, ass fëlleg illusoresch."

Virun allem hybrid Modeller, also Employéen, déi puer Deeg an der Woch oder am Joer vun doheem aus schaffen, kéinte sech duerchsetzen.

"Op ganz ville Plaze funktionéiert et ganz gutt. Well déi Ekippe sech kennen. Well déi Ekippe virdru matenee funktionéiert hunn. Well se virdru matenee Kaffi gedronk hunn. Well si virdru mateneen erausgaange sinn an e Patt huele waren. Well se virdrun hir Iddie mateneen developpéiert hunn. An elo sëtze se virun engem Ecran an et funktionéiert nach ëmmer."

Vill Employéë begréissen déi nei gewonne Flexibilitéit an eng besser Worklife Balance. Se sti manner am Stau a kéinten hiren Dag fräi andeelen. Den Teletravail bréngt awer och drastesch Ännerunge fir den Aarbechtsalldag mat sech, esou de Jean-Jacques Rommes:

"Wann elo 1/5 vu de Leit oder méi net méi um Büro optauchen am Lach vun der Woch, dann ass dat 1/5 manner Ëmsaz fir de ganze Beräich Horeska oder Commerce an der Stad, am Kierchbierg, asw. An dat wäert e reellen Impakt hunn, och op eis Staatsfinanzen."

No de leschte Méint bleift den Dossier Teletravail nach weider eng Prioritéit.

Back to Top
CIM LOGO