Gewëssen Autonomie fir Schoulen, fir d'Reegele selwer z'adaptéieren
Wéi gesäit d'Schoulrentrée vum 15. September aus? Eng Fro, déi eréischt e Freideg nom Regierungsrot wäert kënne beäntwert ginn.
Nom Regierungsrot wëll den Educatiounsminister säi Plang nämlech virstellen, deen dann och soll gréng Luucht kréien. Offiziell gewosst ass bis ewell just, dass déi gréisst-méiglechst Normalitéit soll spillen, trotz de Covid-Mesuren. Iwwert déi lescht Wochen an Deeg hat de Claude Meisch nach Gespréicher mat den Acteure vum Terrain, wéi och de Santés-Instanzen.
Eisen Informatiounen no sollen d'Coursen normal ofgehale ginn, dorënner och de Sportunterrecht. Eng Maskeflicht gëllt fir d'Schüler am Bus an um Wee bis op hir Plaz am Klassesall.
All Schoul soll eng gewëssen Autonomie behalen, fir d'Reegele selwer ze adaptéieren, spréch d'Direktioune solle kënnen méi wäit goen, wéi d'Consigne vum Ministère.
Och d'Schoul-Kantinne solle funktionéieren. Och déi natierlech ënnert den aktuelle sanitären Mesuren, wéi dass nëmme maximal 10 Schüler beieneen um Dësch däerfe sëtzen.
Fir de Fall vun Infektioune bannent der Schoul soll et en 3-Stufen-Plang ginn. Ugefaange vum Isolement vun engem Eenzel-Schüler, iwwert méi Schüler aus enger Klass, bis hin zu ganze Klassen, respektiv a ganz grave Fäll, ganze Schoulen. Dat soll eises Wëssens jeeweils awer vu Fall zu Fall, a punktuell fir eng Schoul oder e Lycée bewäert an decidéiert ginn.
Eng Iddi am Educatiounsministère, déi och am Raum schwieft, ass eng mobil Test-Statioun an der Schoul, wou méi Fäll beienee géifen optrieden.
Detailer, wéi gesot, e Freideg nom Regierungsrot.
Déi zoustänneg Chamberkommissioun soll e Méindeg de Moien iwwregens vum Educatiounsminister informéiert ginn.