Abus de faiblesseParquet freet 3 Joer Prisong, Deel mat Sursis, fir Dan Da Mota

RTL Lëtzebuerg
3 Joer Prisong, woubäi en Deel Sursis probatoire méiglech wär, mat der Oplo, fir dem Affer säi Schued zréckzebezuelen, plus eng Geldstrof.
Prozess Dan Da Mota
3 Joer Prisong, woubäi en Deel Sursis probatoire méiglech wär, mat der Oplo, fir dem Affer säi Schued zréckzebezuelen, plus eng Geldstrof.

Dat huet de Vertrieder vum Parquet en Dënschdeg am spéiden Nomëtten um Stater Geriicht fir den Dan Da Mota gefrot. Dem fréiere Futtball-Nationalspiller vu 35 Joer gouf Abus de faiblesse géintiwwer engem Affer vun haut 91 Joer virgehäit. Hie soll d'Fra dozou bruecht hunn, him Suen ze iwwerweisen, respektiv him hir Kreditkaart mam Geheimcode ze ginn. Op dës Manéier soll hien tëscht 2016 an 2018 u méi wéi 167.000 Euro komm sinn.

Geriicht/Reportage Eric Ewald

D’Faite sinn opgefall, wéi d’Spuerkeess Ufank Mee 2018 e Bréif ouni Enveloppe an der Boîte leien hat, ënnerschriwwe vum presuméierten Affer. Heiranner stoung, datt d’Fra all hir Konten op der Bank zoumaache wéilt. D’Suen, eng 90.000 Euro, sollten integral un den Daniel Alves Da Mota iwwerwise ginn.

Pikant ass heibäi, datt d’Fra zu deem Zäitpunkt gesondheetlech schlecht war. Et bestoung de Verdacht op en Häerzinfarkt. Eng Situatioun, där den Dan Da Mota sech bewosst gewiescht wär, ëmmerhin war hie quasi all Dag bei dem presuméierten Affer an huet och mat engem Familljemember vun hir iwwer de schlechten Zoustand vun der deemools 88 Joer aler Fra geschwat.

Der Bank géint iwwer sot déi eeler Damm spéider, si hätt dem Beschëllegten net wëllen all d'Sue wëllen iwwerweisen. Awer eng gewëss Zomm als Merci fir seng Hëllef. Schlussendlech huet si dunn e Virement vun 12.500 Euro un de Futtballspiller gemaach.

Si wär wéi eng Ersatzbomi fir hie gewiescht, huet den Dan Da Mota den Enquêteuren erkläert. Dës hu sech allerdéngs gewonnert, datt ausser dem beschte Kolleeg vum Mann keng aner Persoun aus sengem familiären oder kollegialen Ëmfeld jee vun der Damm héieren hätt. A sengem Handy wär och keng eenzeg Foto vun hir gewiescht.

Fest steet, datt den Dan Da Mota tëscht 2016 an 2018 méi wéi 167.000 Euro vun der eelerer Damm iwwerwise krut. Hien hätt zu deem Zäitpunkt Geldproblemer gehat, notéieren d'Enquêteuren. An ënnersträichen, datt de Futtballspiller vill Sue beim Online-Poker verluer hätt. Riets geet vun 100.000 Euro bannent knapp engem Joer.

Woufir genee d'Sue vum presuméierten Affer benotzt goufen, ass net kloer.

Déi haut 91 Joer al Fra wär vun Demenz betraff, hätt Problemer mam Verhalt a kee richtege Bezuch zum Wäert vum Euro. Dat notéiert Doktesch an hirer Expertis.

Dem Dan Da Mota säin Affekot weist de Virworf vum Abus de faiblesse zréck. Déi eeler Damm hätt mat fräiem Wëlle gehandelt, de Beschëllegte keng Vulnerabilitéit erkannt. De 35 Joer ale Futtballspiller erkennt kee Feelverhale vu senger Säit.

De Parquet iwwerdeems freet eng Prisongsstrof vun 3 Joer, woubäi en Deel Sursis probatoire méiglech wär, mat der Oplo, fir dem Affer säi Schued zréckzebezuelen, plus eng Geldstrof.

D'Urteel gëtt den 29. Oktober gesprach.

Back to Top
CIM LOGO