
D'lescht Woch goufe manner Residenten op de Coronavirus getest, wéi déi Woch virdrun: nämlech 40.596 Persounen. Dovunner ware 672 Leit positiv, wat der 107,33 op 100.000 Awunner sinn an domat läit Lëtzebuerg nees däitlech iwwert dem Inzidenz-Wäert vu 50.Dat geet aus der Woche-Statistik vun der Santé ervir, déi e Mëttwoch de Mëtteg publizéiert gouf.Vun de bal 41.000 Tester goufen der ronn 12.040 duerch eng Ordonnance vum Dokter gemaach, 21.911 duerch Large-Scale-Test-Invitatiounen, 2.926 mat engem Voucher, deen et um Findel gouf an 3.728 am Kader vum Contact Tracing.D'Zuel vun den aktiven Infektioune läit bei 953, par Rapport zu 564 déi Woch virdrun. D'Zuel vu Leit, déi nees gesond sinn, ass vu 6.556 op 6.839 eropgaangen.De Reproduktiounstaux ass vun 1,01 op 1,44 an d'Luucht gaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester ass ass och däitlech eropgaangen an dat vun 0,55% op 1,66%.D'Altersmoyenne bei den Neiinfizéierte läit bei 33,4 Joer an ass domat liicht geklommen. Déi Woch virdrun louch dee bei 31,3 Joer.De Grand-Duché läit no engem Mount mat 107,33 Fäll nees bei iwwer 50 Infizéierter op 100.000 Awunner. Déi lescht Woch waren et der nach 45,04.Leit, déi a Quarantän sinn oder waren
D'Zuel vu Kontakter louch tëscht dem 14. an dem 20. September bei 5.373. 2.284 Persoune dovunner waren a Quarantän (+91% am Verglach mat der Woch virdrun). Dobäi komme 768 Leit, déi isoléiert gi sinn (+32% am Verglach mat der Woch virdrun).
D'Opdeelung vu Quarantänen an Alterstranchen
0-14 ans | 15-29 ans | 30-44 ans | 45-59 ans | 60+ ans | ||
29.06.2020 | 05.07.2020 | 21% | 32% | 23% | 20% | 4% |
06.07.2020 | 12.07.2020 | 27% | 27% | 23% | 19% | 3% |
13.07.2020 | 19.07.2020 | 29% | 27% | 21% | 19% | 4% |
20.07.2020 | 26.07.2020 | 25% | 24% | 24% | 21% | 6% |
27.07.2020 | 02.08.2020 | 23% | 27% | 24% | 20% | 5% |
03.08.2020 | 09.08.2020 | 25% | 26% | 23% | 21% | 6% |
10.08.2020 | 16.08.2020 | 18% | 27% | 25% | 22% | 7% |
17.08.2020 | 23.08.2020 | 17% | 30% | 25% | 22% | 6% |
24.08.2020 | 30.08.2020 | 18% | 30% | 24% | 21% | 6% |
31.08.2020 | 06.09.2020 | 19% | 31% | 24% | 22% | 5% |
07.09.2020 | 13.09.2020 | 25% | 25% | 25% | 20% | 6% |
14.09.2020 | 20.09.2020 | 30% | 23% | 23% | 18% | 6% |
D'Majoritéit vun de Leit huet sech am Ausland ugestach
De Prozentsaz vun de Persounen, déi sech an der Vakanz infizéiert hunn, geet weider liicht zeréck an dat vun 32% op 31%. Et bleift awer weiderhin, déi Plaz, wou sech déi meeschte Leit mam Coronavirus infizéieren. 20% vun de Fäll sinn op Kontaminatioune bannent Familljen zréckzeféieren, 6% op Infektiounen op der Aarbecht an 3% op Familljefester oder Feieren ënner Frënn.Op 13 Kläranlage gëtt d'Ofwaasser iwwerdeem op de Coronavirus ënnersicht - keng Tracë goufen et ënnert anerem an den Installatiounen zu Iechternach a Maacher, iwwerdeem et e staarken Impakt am Ofwaasser zu ënnert anerem Beggen, Schëffleng, Péiteng a Beetebuerg gouf.