SpideelerPhas 4 kéint deemnächst declenchéiert ginn, esou d'Paulette Lenert

RTL Lëtzebuerg
Am akuutste schéngt d'Situatioun am Centre Hospitalier Emile Mayrisch ze sinn. Hei sinn den Ament schonn zwee Stäck exklusiv fir Covid reservéiert.
Escher Spidol
Am akuutste schéngt d'Situatioun am Centre Hospitalier Emile Mayrisch ze sinn. Hei sinn den Ament schonn zwee Stäck exklusiv fir Covid reservéiert.

Hôpitaux Robert Schuman

D'Hôpitaux Robert Schuman proposéieren, datt een e Sonndeg eng Evaluatioun vun der Situatioun an de Spideeler mécht, fir op Basis dovunner ze decidéieren, ob weider Deprogrammatioune komme mussen oder net.

Am Interview mam 100,7 hat d'Paulette Lenert um Donneschdeg de Moien gesot, et wier drop an drun, datt d'Phas 4 vum Stufeplang an de Spideeler misst declenchéiert ginn.

An de leschten Deeg waren an deem Sënn Consultatiounen mam Terrain wou ënnert anerem d'Spidolsdirekteren a-Presidenten derbäi waren.

D'Spidol um Kierchbierg huet de Weekend Déngscht. Dat wier, dem Pressespriecher Marc Glesener no, e grousse Schlësselmoment op een d'nächst Woch weider deprogramméiere muss oder net. Ambulant Interventioune sollen awer an all Zenario weider duerchgefouert ginn. Dat war am Fréijoer anescht. Mat engem Pic vun den Hospitalisatiounen rechent een am Laf vun der nächster Woch.

D'Hôpitaux Robert Schuman kruten och eng Demande fir 2 Covid-Patienten aus engem anere Spidol bei sech opzehuelen.

Chem

Am akuutste schéngt d'Situatioun am Chem (Centre Hospitalier Emile Mayrisch) ze sinn. Hei sinn den Ament schonn zwee Stäck exklusiv fir Covid reservéiert. Et géif awer schonn ee weidere Stack gesicht.

Am Chem ginn den Ament 81 Covid-Patienten traitéiert. 12 op der Intensivstatioun. Dovunner 4 Persounen, déi musse beootemt ginn. 11 Deeg muss e Covid-19 Patient am Spidol bleiwen.

Par Rapport zur Coronawell am Fréijoer huet d'Prise en Charge changéiert. D'Patiente ginn e.a. manner séier intubéiert. D'Medikamenter hunn och changéiert. Hëllef bei engem anere Spidol ufroen, wär aktuell schwiereg.

Fir d'Personal bedeit et d'Äerm eropzestrëppen an d'Covid-19 Patienten sou gutt et nëmme geet ze versuergen.

Zu Esch am Chem schaffen ablécklech eleng 175 Leit Personal op de Covid-19 Statiounen. D'Anti-Covid-Mesuren, déi vun der Regierung geholl gi wären, ginn als soft beschriwwen an et grault de Responsabel aus dem Chem virum Wanter. D'Grippenzäit keim nämlech dann bei de Coronavirus derbäi.

Et wier een op engem Punkt ukomm, dass wann nach méi misst zougemaach ginn, da wier déi normal Versuergung a Gefor. Dat sot eis de Coordinateur vun der Cellule de Crise vum Escher Centre Hospitalier, de Serge Meyer.

Wann d'Evolutioun bei den Hospitalisatiounen esou géif weider goen, kéint een de Weekend, respektiv Ufanks nächster Woch carrement keng nei Patienten méi ophuelen.

CHL

74 Persounen sinn am CHL, dovunner der 8 op der Intensivstatioun. Donieft ginn den Ament och zwee Kanner an der Kannerklinik traitéiert. 3 Stäck sinn antëscht fir de Sars-Cov-2 reservéiert. Beim Gesondheetspersonal am Centre hospitalier gëtt et den Ablack 73 Ausfäll.

Den Dokter Romain Nati confirméiert, datt d'Spideeler drop an drun sinn, fir vun der Phas 3 an d'Phas 4 iwwerzegoen. Dat géif awer vun der jeeweileger Situatioun an de Spideeler ofhänken. Gemooss un der Bettenzuel op der normaler Statioun, ass den CHL u sech och schonn an der nächster Phas ukomm.

D'Spidolsdirektioun seet sech prett, fir eng zweet Intensivstatioun bei Bedarf opzemaachen. Och d'Personal wier schonn heifir ageplangt. Zousätzlech Deprogrammatioune géif ee "just in time" maachen. Allgemeng, sou den Dokter Nati, ginn an der nächster Phas vum Stufemodell medezinesch Aktivitéite graduell erofgefuer. D’Cellule de crise hat d’Phas 3 réischt d’lescht Woch offiziell declenchéiert. Do sti mer scho virun där nächster.

Datt d’Regierung ze spéit d’Handbrems gezunn hätt, wëll den Dokter Nati net soen. Hie kéint verstoen, datt d’Regierung graduell virgeet. All wieder Restriktioun géif Kollateralschied mat sech bréngen. Wichteg wier einfach elo, datt jiddereen seng Kontakter reduzéiert.

Back to Top
CIM LOGO