Schonn zwee vun dräi Recourse verworfDe Bau vum Bierdener Wandrad réckelt méi no

Marc Hoscheid
D'Decisioun beim leschte Recours dierft net méi all ze laang op sech waarde loossen. D'Anlag soll um Enn iwwerdeems liicht anescht ausgesi wéi initial geplangt.
© Marc Hoscheid

Zanter enger Partie Jore gëtt zu Bierden an der Gemeng Ierpeldeng-Sauer iwwert ee Wandrad diskutéiert, dat eng 750 Meter vum Duerf ewech gebaut soll ginn. Eng Biergerinitiativ, déi net domadder averstanen ass, huet direkt e puer Mol Recours gemaach. Zwee Mol gouf dee scho vum Tribunal administratif verworf, een drëtt Urteel steet nach aus, ma de Projet dierft awer net méi ze stoppe sinn.

Wandrad Bierden - Reportage Marc Hoscheid

Deen éischte Recours huet de Volet Travail vum Commodo betraff a gouf schonn de 6. Juni 2024 zeréckgewisen. Deen zweete Recours huet de Volet Environnement vum Commodo betraff a gouf den 19. Januar dëst Joer zeréckgewisen. Deen drëtte Recours betrëfft d'Baugeneemegung u sech, hei goufen d'Plaidoyeren den 11. Februar gehalen. Wat d'Decisioun vum 19. Januar ugeet, weist sech de President vun der der Biergerinitiativ "Energie mat Verstand" Yves Wallers zimmlech enttäuscht.

"Am Urteel gëtt jo och gesot, datt mir net präzis bewisen hunn, wat fir eng Sequelle mir do kënne kréien. Dat ass jo och problematesch, well bei sou Infraschallgeschichte ass et meeschtens een Drëttel vun der Populatioun, dee betraff ka sinn. Dat heescht, lo musse mer fir d'éischt dat Wandrad opriichten, dann eventuell krank ginn an da réischt rëm eng Kéier kloen. An et ass dat, wat mir bëssi monéieren, datt de Principe de précaution do net onbedéngt respektéiert gëtt."

Och wann d'Riichter hir Decisioun natierlech op déi aktuell Gesetzgebung stäipe missten, hätt ee sech bei der Biergerinitiativ awer gewënscht, datt se der Politik en Denkustouss mat op de Wee ginn hätten, fir d'Normen eng Kéier op de Leescht ze huelen. Dat virop mat Bléck op den industriellen Infraschall."Wat net ze vergläichen ass mat deem natierlechen, wou mer jo ëmmer virgegaukelt kréien, datt iwwerall natierlechen Infraschall ass. Dat ass richteg, mee deen heite geet och iwwert de Buedem, dat ass de Buedemschall, dee sech da bis iwwert de Buedem verdeelt an d'Haiser a sech do dann intensivéiert an dann dee Moment kann den Organismus Schued huelen." Hei missten och nei Moossmethoden, déi méi déif an de Buedem reechen, agesat ginn.

Bei der Energie-Societéit Soler, déi d'Wandrad zesumme mat de Gemengen Dikrech an Ettelbréck iwwert d'Wandpark Nordenergie S.A. opriichten a bedreiwe wëllt, ass een engersäits frou, datt ee bis elo ëmmer viru Geriicht Recht kritt huet, anerersäits hätt een awer natierlech léiwer, et géing guer net sou wäit kommen. Wat d'Oplagen ugeet, sou wieren déi streng genuch, zum Beispill bei de Schallgrenzwäerter.

"Mir hu keng pauschal Distanz zu den Dierfer, déi fest gereegelt ass. Et muss een 300 Meter vun de Bebauungsgebidder ewech sinn an dann hu mer awer ee Krittär, deen hei zu Lëtzebuerg méi streng ass wéi am Ausland, an dat ass och gutt esou, dat ass, datt een nuets nëmme 37 dB(A) op den äusserste Punkt dierf emittéieren. An dat reegelt dann automatesch d'Distanz, déi mer zu den éischte Wunnenge mussen anhalen." Esou géing dann och indirekt séchergestallt ginn, datt d'Belaaschtung mat Infraschall net ze héich ass.

Bei der Biergerinitiativ mécht ee sech iwwerdeems Suergen, datt, well d'Technik sech an deene leschte Jore weiderentwéckelt huet, ee méi grousst Wandrad wéi virgesi gebaut kéint ginn. Dozou de Paul Zeimet:"Nee, ech mengen do kann ech dann d'Awunner vu Bierden, respektiv d'Biergerinitiativ, berouegen. Et gëtt dee Modell dohinner gesat, déi E-138 mat der selwechter Héicht an deem selwechte Rotorduerchmiesser, déi och lo kontestéiert ginn ass. Et ass deen Anlagentyp a keng méi grouss." Et gëtt awer eng Ännerung um Niveau vum Modell, anescht wéi initial geplangt, wäert den Traffo uewe bei d'Gondel kommen, de Produzent Enercon schwätzt vun enger E-Gondel.

Sollt och dee leschte Recours verworf ginn, kéint quasi direkt mam Bau vum Wandrad ugefaange ginn. D'Aarbechte sollen 18 Méint daueren.

Esou soll d'Wandrad zu Bierden um Enn ausgesinn.
© Wandpark Nordenergie / CSD Ingenieurs+

Back to Top
CIM LOGO