
Den Educatiounsministère huet eis confirméiert, datt e sëllege Klassen a Quarantän gesat goufen. Rieds war an enger éischter Phas vun 18 Klassen, spéider gouf dat awer op 24 Klasse rektifizéiert. Betraff sinn d‘Cyclen 1, 3 an 4.
D'Cellule de coordination hätt déi Decisioun zesumme mat der Santé geholl. D'Mesure wier aus Virsiicht an och aus organisatoresche Grënn geholl ginn, heescht et an engem Communiqué vum Educatiounsministère.
Et géing een elo eng detailléiert Analys vun der Situatioun maachen. Verschidde vun den Erwuessenen hätten och Kontakt ënnertenee gehat, bausst der Schoul. Et gëtt awer och gepréift, ob de Virus bannent der Schoul weidergaangen ass.
Déi concernéiert Eltere vun de Schüler aus de 24 Klassen, kruten en Dënschdeg den Owend matgedeelt, dass hir Kanner a Quarantän mussen.
Alles an allem sinn 375 Schüler a 37 Enseignanten a Quarantän. D’Dauer vun der Quarantän ass am Moment nach net fixéiert, well d’Analys vun de Kontakter nach am Gaang ass. D’Eltere kréien dës Informatioun esou séier wéi méiglech matgedeelt.
Op Nofro bei der Gemeng Steesel huet et geheescht, et hätt een Uerder keng Informatiounen erauszeginn. En Dënschdeg den Owend wier eng Decisioun vun der Direction régionale geholl ginn an déi wier ëmgesat ginn. Spéider huet d'Gemeng awer nach an engem Pressecommuniqué d'Informatioune confirméiert, déi eis och den Educatiounsministère scho ginn hat.