Zweete ProzessdagHaapt-Sculpteur seet aus, en hätt virun de Risike vum Emplacement vun der Skulptur gewarnt

Michèle Sinner
Jeannot Ries
Propositiounen, déi hie gemaach huet, wiere refuséiert ginn.
Zweete Prozessdag an der Affär ëm den Doud vum klengen Emran
Den Haapt-Sculpteur seet aus, en hätt virun de Risike vum Emplacement vun der Skulptur gewarnt

Um Stater Geriicht goung en Dënschdeg de Prozess ëm den Accident mat der Äisskulptur um Chrëschtmaart 2019 mat den Auditioune vun de Sculpteure weider.

Zweete Prozessdag am Fall Emran / Michèle Sinner

Den Haapt-Sculpteur, dee vum Touristebüro LCTO engagéiert war, huet um Dënschdeg nach emol insistéiert, datt hie seng Uspriechpartner drop opmierksam gemaach hätt, datt et geféierlech wär, wann hannert der Skulptur de Passage méiglech wär.

Wéi d’Sculpteuren am November 2019 mat hirem Camion op d’Plaz komm waren, wier hinnen en éischten Emplacement proposéiert ginn, méi zentral tëscht dem Passage tëscht der Place d’Armes an dem Knuedler engersäits, an der Äispist anerersäits. Doropshin hätt den Haapt-Sculpteur direkt gesot, dat géing net goen, resuméiert säin Affekot de Philippe Stroesser:

"Et à ce moment-là, ils ont poussé la statue, la sculpture direction patinoire pour la rapprocher le plus possible. À un moment donné, on lui a dit qu'il devra laisser un espace d'environ 70 cm entre la balustrade de la patinoire et donc la sculpture. Et cet emplacement, effectivement, n'était toujours pas satisfaisant. Meilleur que le premier, bien sûr. Mais mon client a également émis des réserves concernant ce deuxième emplacement. Et c'est là qu'on lui a donc dit non, il n'y a pas de discussion possible, ça sera à cet endroit-là, il n'y a pas de possibilité de négocier cela."

Un déi Diskussioun hu seng zwee Mataarbechter keng esou genee Erënnerung gehat, datt si en Dënschdeg mat Sécherheet hätte kënne behaapten, datt et effektiv ëm Sécherheetsaspekter gaange war, oder wéi d'Defense vun aneren ugeklote Parteien an den Audienzen e Méindeg an en Dënschdeg soten, just em visuell, ästhetesch Aspekter.

Seng Interlocuteure vun deemools, also d'Mataarbechter vum Touristebüro LCTO, déi och ugeklot sinn, hunn nach net ausgesot. Mee hiren Affekot Pol Urbany kontestéiert déi Duerstellung. De Sculpteur hätt dat och an de viregten Auditiounen net esou gesot:

"Dat ass eng Saach, déi elo nei an der Sitzung ervirkënnt. Dat ass déi 'Schutzbehauptung der Hauptangeklagten in der Hauptverhandlung', dat ass e Statement, dee gemaach gëtt elo fir sech ze verdeedegen, fir sech aus der Saach ze zéien, deen ech perséinlech net fir kredibel halen."

Dofir soll en Donneschden nach en Zeien aussoen, dee bei der Diskussioun dobäi war. Mee de Pol Urbany gëtt ze bedenken: "Déi Questioun vum Emplacement ass eng Thematik, déi eigentlech a Wierklechkeet net pertinent ass, letzten Endes, gell, well mir wëssen duerch d'Expertisen, dass déi Skulptur gefall ass, well se net riicht do stoung an net zolidd do stoung. An dat ass d'Aarbecht gewiescht vun de Sculpteuren, fir dat ze maachen."

Den Expertisen no wier den Accident op eng Rei convergent Ursaachen zréck ze féieren. Dorënner d'Pente vun zwee Prozent um Knuedler, déi hätt missen ausgeglach ginn, de Positionnement vun der Skulptur op de Palletten, wou se der Längt no Richtung Äispist net ganz opstoung an op deenen d'Gewiicht net richteg verdeelt war. Dobäi wier de schlechten Zoustand vun der Pallett komm, déi och ouni Charge geschaukelt hätt.

Schonn e Méindeg hat de Vertrieder vum Parquet de Sculpteur gefrot, ob dësen eng Setzwo dobäi gehat hätt, a Callen, fir d'Palletten an der Pente ze stäipen. "Nee", war seng Äntwert. Weder hien nach seng Mataarbechter haten eng bedeitend Pente gesinn. Zanter dem Accident hätt hien ëmmer eng Setzwo dobäi, esou den Haapt-Sculpteur. Quitt, datt seng Clienten him soss géing soen, wann eng Pente do wier. Hien huet sech bei den Eltere vum Emran entschëllegt. Dee klénge Bouf, deen tëscht der Skulptur an der Äispist war, wéi d’Skulptur zerfall ass an den Accident net iwwerlieft hat.

De Prozess geet e Mëttwoch virun.

Back to Top
CIM LOGO