
Géint 18 Auer huet en Automobilist op der N26 beim Schumannseck aus bis ewell onklore Grënn d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer. Hie krut eng Fielswand ze paken an huet sech dunn op d'Kopp gedréit. Den Auto ass kuerz drop um Daach leie bliwwen.
Wéinst de Rettungsaarbechte gouf d'Strooss op dëser Plaz dann och gespaart. De Chauffeur koum mat der Ambulanz an d'Spidol. De Rettungshelikopter war op der Plaz, grad ewéi eng Ambulanz vu Réiden an d'Pompjeeë vu Wolz an der Stauséigemeng.
E Méindeg am Nomëtteg koum et dann um kuerz viru 16 Auer zu engem Accident tëscht engem Auto an engem Moto, do op der RN07 tëscht dem Potaschbierg a Gréiwemaacher. Dat mellt de CGDIS a sengem Bulletin. Eng Persoun gouf hei blesséiert. Op der Plaz waren d'Rettungsdéngschter vu Mäertert.