
De Leipziger Buergermeeschter Burkhard Jung (SPD) an d'Pompjeeën hu vun zwee Doudesaffer geschwat. D'Police huet nom Virfall aktuell awer just Informatiounen iwwert een Doudesaffer, esou ee Spriecher vun der Stad der AFP géigeniwwer. Virdrun hat d'Police schonn eng Rei Blesséierter confirméiert. D'Lag wier nach "chaotesch", esou ee Spriecher vun der Police. Am Laf vum Owend géifen d'Autoritéite weider Informatioune public maachen.
"Een Auto ass duerch den Zentrum gefuer", esou eng Policespriecherin der Noriichtenagence AFP géigeniwwer. Eng konkret Zuel vu Blesséierte konnt an engem éischten Ament net genannt ginn. D'Beamten hunn de presuméierten Täter, een 33 Joer alen Däitschen, festgeholl, esou datt et aktuell keng Gefor méi fir d'Leit géif ginn.
Iwwer d'Hannergrënn ass aktuell nach näischt bekannt. D'Police warnt allerdéngs do virdrun, "ongepréifte Meldungen a Fotoen" ze verbreeden an huet den Opruff gemaach, just verifizéiert Noriichtesourcen an Accounts vun den Autoritéiten zu der Situatioun ze suivéieren. De sächsesche Regierungschef Michael Kretschmer (CDU) schwätzt antëscht vun enger "presuméierter Amokfaart".
Enger éischter Policematdeelung no ass de Virfall an der Grimmaischen Straße geschitt, enger beléifter Akafsstrooss. D'Strooss verbënnt den Augustusplatz, wou ënnert anerem d'Gewandhaus steet, mam Markt.