Opgepasst!An der Gemeng Kielen goufe mat Neel gefëllte Wirschtercher fonnt

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Gemeng matdeelt, wieren op hirem Territoire Wirschtercher fonnt ginn, wou Leit Neel dra gestach hunn.

Weider heescht et vun der Gemeng, datt déi Persoun, déi dës geféierlech Köder fonnt huet, se och opgeraf huet, ma et wier gutt méiglech, datt esou Saachen nach op anere Plaze verdeelt goufen.

Dës Köder goufe en Dënschdeg an der Géigend vum Kierfecht zu Kielen fonnt an opgeraf.

© Domingos Oliveira / RTL

Back to Top
CIM LOGO