Mordfall Ana LopesGeriicht huet Ex-Frënd zu liewenslaangem Prisong veruerteelt

Mariette Zenners
De Parquet hat fir den 32 Joer jonke Mann liewenslänglech gefuerdert, well et fir si un Hand vun den Indizie kloer wier, datt de Mann schëlleg wier.
Urteel am Prozess ëm de Mord vum Ana Lopes
De Parquet hat fir den 32 Joer jonke Mann liewenslänglech gefuerdert, well et fir si un Hand vun den Indizie kloer wier, datt de Mann schëlleg wier.

Am Mordprozess ronderëm den Doud vun enger jonker Fra vu Bouneweg, déi am Januar 2017 ëmbruecht ginn ass, ass um Dënschdeg um Stater Geriicht d’Urteel gesprach ginn. De jonken Ex-Frënd vun der Fra krut, wéi vum Parquet gefuerdert, liewenslängleche Prisong. D’Geriicht hat domadder “Mord” zeréckbehalen.

Et wier eng Dot mat Virsaz gewiescht, déi iwwert eng laang Zäit geplangt gouf, a säin Alibi wier net credibel, hat et Enn November um leschte Prozessdag vun der Vertriederin vum Parquet geheescht. Och ouni Aveu oder Aen-Zeie wieren d’Indizie kloer. Mat sengem Urteel ass de Riichter der Fuerderung vum Parquet nokomm.

Bei Roetgen op der franséisch-Lëtzebuerger Grenz war de 17. Januar 2017 den ausgebrannten Auto mat der Läich vun der Ana Lopes fonnt ginn. Si gouf fir d’lescht an der Nuecht vum 15. op de 16. am Garer Quartier gesinn. An der Diddenuewener Strooss ware Bluttspuere vun der jonker Mamm fonnt ginn, et geet een dovun aus, dass den Ex-Frënd a Papp vum Kand d’Fra entfouert an ëmbruecht huet. Hie selwer streit d’Dot bis haut of a krut wéi e Méindeg eben annoncéiert gouf, elo liewenslaange Prisong.

De Me Philippe Penning, Affekot vum Beschëllegten: “Hien huet gefaast reagéiert, mir haten am Fong mam Urteel gerechent, wärend der Sitzung spiert een oft a wéi eng Richtung et geet, , Ech mengen de Client hat och domadder gerechent, och wann hie sech virun op seng Onschold behaapt. Vu dass d’Urteel “liewenslaange Prisong” ass, méi schlëmm kann et jo net ginn, ginn ech dervun aus, dass hien an Appell geet.” D’Affekotin vun der Famill vum Affer, d’Me. Marisa Roberto, huet misse feststellen, dass de Beschëllegte keng Reaktioun beim Urteel gewisen hätt.

Et war een Indizie-Prozess, am Haus vum haut 32 Joer ale Beschëllegte goufen z.B. Kabelbinder a Scotch fonnt vun der selwechter Mark, mat deem d’Affer gefesselt gouf, och d’Handy-Daten hu gewisen, dass de Mann zum Zäitpunkt vun der Dot net wéi behaapt an Däitschland, mä Frankräich war. Een Indice huet kloer géint e geschwat. Den Me. Philippe Penning: “Et ass eng DNA Spuer um Rouleau Scotch fonnt ginn, een Deel vun enger DNA déi kéint vun him, vu sengem Jong oder sengem Papp sinn. Mir mussen d’Urteel lo mol a Rou liesen an dann hu mer jo puer Méint Zäit, fir ze kucke wéi mer reagéieren.”

D’Riichter sinn en Dënschdeg de Moien der Fuerderung vum Parquet nokomm, deemno dem Mann säin Alibi net credibel war, d’Indizie kloer géint hie geschwat hunn an et eng Dot mat Virsaz war. D’Me. Marisa Roberto huet vun enger grousser Laascht geschwat, déi vun de Schëllere vun der Famill fällt: “La famille a montré un grand soulagement , un peu plus d’appaisement, même si leur tristesse est toujours présente, parce qu’ils ont perdu leur fille dans des conditiouns vraiment tragiques . Cette décision ne raménera pas leur fille, mais ils sont reconnaissant envers la justice.”

Me. Marisa Roberto

De klenge Bouf vum Ana Lopes ass haut 5 Joer al a lieft bei de Grousselteren.

RTL-News: Mord um Ana Lopes Liewenslängleche Prisong fir den Ex-Frënd vum Affer gefuerdert

Back to Top
CIM LOGO