Den Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, de Kardinol Jean-Claude Hollerich, huet sech mam Coronavirus infizéiert. Et geet him den Ëmstänn entspriechend gutt.

Op RTL-Nofro hin huet de Weibëschof Léo Wagener confirméiert, datt de Kardinol Jean-Claude Hollerich e Freideg positiv op de Coronavirus getest gouf. Aktuell befënnt hie sech am Isolement.

Den 62 Joer ale Kardinol huet Symptomer vun der Krankheet, ma him geet et den Ëmstänn entspriechend gutt, sou nach de Léo Wagener.

D'EU-Bëschofskonferenz Comece hat e Mëttwoch am fréien Owend iwwer Twitter matgedeelt, datt de Jean-Claude Hollerich mam Virus infizéiert ass.