Gréng Luucht an der Chamber
Et kënnt eng nei finanziell Hëllef fir d’Independanten

© RTL Archiv
Hei geet et jo drëms, deene Selbstännegen eng Ënnerstëtzung zouzegestoen, wa se duerch d’Pandemie an d'Laberente gerode sinn.
D’Bäihëllef ass en eemolegen Zouschoss, dee weder besteiert gëtt, nach muss zeréckbezuelt ginn. De Montant vun der Hëllef variéiert jee nodeem, wat virdru verdéngt gouf, tëscht 3.000 a 4.000 Euro.
De Mëttelstandsminister Lex Delles huet e Mëttwoch präziséiert, dass de Staat bis ewell schonn iwwer 270 Milliounen Euro un Hëllefen ausbezuelt hätt, bei iwwer 31.000 Demanden.
En Donneschdeg de Mëtteg ass et an der Chamberplenière iwwerdeems vu 14 Auer un, eng Consultatiounsdebatt iwwert d’Integratioun.
Am meeschte gelies