"Commerzbank AG Filiale Luxemburg" beschäftegt aktuell nach 200 Leit hei am Land.

D'Commerzbank, zanter 1969 hei am Land vertrueden, verléisst Lëtzebuerg ganz. Dat huet d'Bankegewerkschaft Aleba en Dënschdeg viru Mëtteg matgedeelt.

Wéinst Milliarde Verloschter d'lescht Joer huet déi däitsch Bank, mat Sëtz zu Frankfurt, Enn Januar annoncéiert, bis 2024 eng 10.000 Plazen ofzebauen an d'Agence vu 790 op 450 ze reduzéieren. „Leider ass déi Lëtzebuerger Filial vun der Commerzbank och betraff", sou d’Aleba. D'Gewerkschaft schreift, si wéilt am aktuell scho schwierege Kontext wéinst der Corona-Pandemie déi eenzel Salariéen ënnerstëtzen.

Virun 10 Joer huet d'Commerzbank mat 2 Strukturen hei am Land nach 570 Leit beschäftegt. 2015 huet se hir international Verméigensverwaltung "Commerzbank International S.A." un d'Schwäizer Bank "Julius Bär" verkaaft. Zanterhier waren nach 200 Leit bei der Commerzbank hei zu Lëtzebuerg.