CGDIS-Zenter zu DiddelengAn der Lescht ëmmer méi Covid-Transporter vu jonke Patienten an d'Ausland

Jeannot Ries
Et kënnt an der Lescht ëmmer méi dacks vir, datt Patienten, déi zu Lëtzebuerg wéinst Covid-19 hospitaliséiert sinn, an d'Ausland an e Spidol mussen.
An der Lescht ëmmer méi Covid-Transporter vu jonke Patienten an d'Ausland
Et kënnt an der Lescht ëmmer méi dacks vir, datt Patienten, déi zu Lëtzebuerg wéinst Covid-19 hospitaliséiert sinn, an d'Ausland an e Spidol mussen.

De Grond ass, datt d'Longe vum Patient heiansdo esou ugegraff sinn, datt hien un eng Häerz-Longe-Maschinn muss ugeschloss ginn. Där Maschinne ginn et hei am Land just am nationalen Häerz-Zenter op der Areler Strooss nieft dem CHL.
D'Inneministesch Taina Bofferding an de Premier Xavier Bettel waren en Dënschdeg de Mëtteg an den Asazzenter vum CGDIS zu Diddeleng. Bei där Geleeënheet krute si och explizéiert, datt d'Patienten, déi d'Rettungsekippe mat der Ambulanz musse siche fueren, ëmmer méi jonk ginn. Viru Méint wier dat nach anescht gewiescht ënnersträicht d'Inneministesch Taina Bofferding.

Taina Bofferding: "Dat ass aus de Gespréicher, déi mir mat den Ekippe vum CGDIS haten, ervirgaangen. Si soen, dass ënnert de Leit, déi si mat der Ambulanz siche ginn, ëmmer méi jonk Covid-Patiente sinn. Viru Méint wieren et effektiv méi eeler Leit gewiescht, déi si mat der Ambulanz ofgeholl an an d'Spidol gefouert hunn. Ma elo sinn et ganz kloer méi Jonker, déi concernéiert sinn. Do gesäit een, datt de Virus keng Differenz tëscht de Generatioune mécht, datt et deemno jidderee kann treffen. Virun allem weist et eis nach ëmmer, wéi geféierlech dee Virus ass. Och Leit, déi méi sportlech sinn, déi méi aktiv sinn, kënnen ënnert den negative Konsequenze leiden. Dofir ass et wichteg, datt mir eis elo och weider engagéieren, datt mer elo zesummen halen. Datt d'Leit sech impfe ginn."

D'Taina Bofferding

De CGDIS huet bis elo eng 3.000 confirméiert Covid-Patiente transportéiert. Zu Diddeleng war de Maximum 7 confirméiert Fäll bannent 24 Stonnen. Am Ganzen ass de CGDIS 10.000 Mol wéinst Covid-Verdacht, woubäi sech awer just déi 3.000 Fäll confirméiert hunn.

Schonn eleng bei Verdacht op Corona, zitt den Asaz sech an d'Längt. Zu Diddeleng läit d'Moyenne vun engem normalen Asaz bei enger Stonn an 10 Minutten, bei Corona klëmmt déi Zäit op 3 an eng hallef Stonn. Bis elo hätt sech kee Mataarbechter am Déngscht ugestach, dat mat Hëllef vu Spezialequipement.

Back to Top
CIM LOGO