Versichten Homejacking zu BeggenZwee Verdächteger vu Police festgeholl

Pierre Weimerskirch
D’Police huet no engem Homejacking-Versuch zu Beggen zwee Verdächteger gestallt. Parallel dozou goufen an de leschte Stonnen och eng Rei Déifställ aus Autoe gemellt.
© Laurent Weber

Am Nomëtteg vum 22. Abrëll gouf der Police e versichten Homejacking zu Beggen gemellt. No der Dot sinn déi presuméiert Täter mat engem Gefier geflücht. Am Kader vun enger grouss ugeluechter Sichaktioun, un där e puer Police-Patrulle bedeelegt waren, konnten zwou verdächteg Persounen zu Esch-Belval gestallt ginn. Weider Ermëttlunge lafen.

Eng Rei Déifställ aus Autoen

An de leschte Stonne goufen der Police och e puer Déifställ aus Gefierer gemellt. Sou gouf e Mann den 21. Abrëll owes zu Mënsbech gesinn, wéi hien un Autoe geklenscht huet. Eng Policepatrull ass op d'Plaz gaangen a konnt de Verdächtege stellen. Et gouf e Protokoll erstallt.

Kuerz drop goufen zwee Männer zu Beetebuerg gemellt, déi an en Auto erakomm waren an dësen duerchsicht hätten. Och hei konnt d'Police déi Verdächteg am Kader vun enger Sichaktioun stellen. Op Uerder vum Parquet gouf e Protokoll erstallt.

Police mat e puer Recommandatiounen

Am Kontext vun den Déifställ an Autoen erënnert d'Police och un e puer wichteg Preventiounsmesuren. Autoe sollen ëmmer gutt zougespaart ginn, och wann ee just kuerz fort ass. Wäertsaache wéi Handy, Posch oder Suen däerfen net siichtbar am Gefier leien, och net an der Mall, dee "kee Safe“ wier.

Zousätzlech gëtt recommandéiert, d'Gefier net op isoléierten oder schlecht beliichte Plazen ze parken an och keng Dokumenter oder Schlësselen am Auto ze loossen. Am Fall vun engem Déifstall soll een direkt d'Police kontaktéieren.

Back to Top
CIM LOGO