RTL seet Merci337.600 Leit liesen, lauschteren oder kucken eis all Dag

Luc Marteling
Iwwer eng ganz Woch gekuckt, erreecht RTL Lëtzebuerg souguer ronn 80 % vun der Bevëlkerung iwwer 16 Joer. Dat geet aus der neister Trail-Ëmfro ervir, déi d'Ilres fir IP Luxembourg duerchgefouert huet.
Ee vun de fixe Rendez-vousen owes op der Tëlee: de Journal ëm hallwer 8. Den neisten Zuelen no ass d'Beléiftheet vun Télé Lëtzebuerg liicht geklommen, all Dag kucken eng 114.700 Leit.
Ee vun de fixe Rendez-vousen owes op der Tëlee: de Journal ëm 19.30 Auer. Den neisten Zuelen no ass d'Beléiftheet vun Télé Lëtzebuerg liicht geklommen, all Dag kucken eng 114.700 Leit.
© RTL Lëtzebuerg

337.600 Leit erreecht RTL Lëtzebuerg Dag fir Dag mat sengen dräi Plattformen – also iwwer de Radio, mat der Tëlee an op sengen Internetsitten op Lëtzebuergesch, Franséisch an Englesch. Domat läit dee sougenannten Daily Reach bei 59,5 Prozent vun der Bevëlkerung iwwer 16 Joer.

Op eng ganz Woch gekuckt geet de Score esouguer nach an d'Luucht: Iwwer siwen Deeg kommen eng 453.200 Leit mat der Mark RTL a Kontakt, dat entsprécht 79,9 Prozent vun den Awunner mat méi wéi 16 Joer. Par rapport zu der viregter Trail-Etüd iwwer de Mediekonsum hei am Land bleiwen den Daily an de Weekly Reach vun RTL domat op héijem Niveau stabel (-0,2 respektiv +0,2 %).

Radio an Tëlee Nummer 1

Radio Lëtzebuerg bleift mat groussem Ofstand den éischte Radio am Land mat 166.000 Nolauschterinnen an Nolauschterer den Dag an 278.300 an der Woch. Dat entsprécht 29,3 respektiv 49,1 Prozent vun de Leit (16+). Op eng Woch gekuckt erreecht RTL Radio also ronn d'Hallschent vun der ganzer Populatioun.

Op Plaz 2 kënnt iwweregens den Eldoradio mat eppes iwwer 92.400 Leit am Dag (16 %) an 192.700 Leit iwwer d'Woch (34 %). Den RTL Radio 93,3 & 97,0, vläicht besser bekannt als "Deutschlands Hit-Radio", deen och zu der RTL-Famill gehéiert, dee kënnt op eng Audienz vun 39.800 Leit (7,0 %) am Dag a 94.000 Leit (16,6 %) an der Woch.

National an international Statiounen: hei de Ranking vun de Radioen.
National an international Statiounen: hei de Ranking vun de Radioen.
© Trail 2026-1

Och bei den Tëleeschaînë bleift Télé Lëtzebuerg d'Nummer 1, dat mat enger däitlecher Avance op TF1, ARD an ZDF (tëscht 9,2 an 8,0 %) an engem weideren Trio aus France2, M6 an RTL Television (tëscht 4,8 a 4,7 %). Télé Lëtzebuerg klëmmt dobäi liicht an erreecht all Dag 114.700 Leit (20,2 %), am Wochecumul entsprécht dat 224.300 Spectateuren a Spectatricen (39,6 %).

National an international Chaînen: hei de Ranking vun den Tëleeën.
National an international Chaînen: hei de Ranking vun den Tëleeën.
© Trail 2026-1

Getoppt gëtt dee Score nach bei Spezialprogrammer, zum Beispill bei Live-Iwwerdrounge vu Sportsevenementer wéi viru Kuerzem der Halleffinall an der Champions League, wou de Retourmatch Bayern München – Real Madrid eng 123.100 Futtballfans virun d'Tëlee gelackelt hat (an déi Partie gouf aus rechtleche Grënn exklusiv um RTL ZWEE iwwerdroen). Dobäi kënnt nach eng digital Audienz vu ronn 25.000 Streamen op RTL PLAY.

Déi Chiffrë sinn awer net an der Trail-Etüd enthalen, mee goufen direkt nom Match aus diverse Sourcë compiléiert.

Bal zwee Drëttel vun der Populatioun: online on top!

Dann zum stäerkste Media: Am Internet erreecht RTL Lëtzebuerg mat sengen dräi Sitten RTL.lu (op Lëtzebuergesch), INFOS.RTL.lu (op Franséisch) an TODAY.RTL.lu (op Englesch) déi meeschte Leit iwwer 16: 238.300 sinn et der all Dag (42,0 %) an 370.600 op eng ganz Woch gekuckt (65,4 %), also bal zwee Drëttel vun der ganzer Bevëlkerung.

Vun Häerze Merci!

Am Total erreecht d'Mark RTL Lëtzebuerg, wéi agangs geschriwwen, all Dag 337.600 an all Woch 453.200 Residenten a Residenteën iwwer 16 Joer.

Mir soe jidderengem dofir Merci: Äert Vertrauen ass eis Motivatioun! Mir wëllen Iech all Dag esou gutt ewéi méiglech informéieren an ënnerhalen. Datt mer mat eise Programmer op den ënnerschiddleche Plattforme weider gutt bei Iech ukommen, erfëllt eis mat grousser Freed an déiwer Dankbarkeet.

RTL seet Merci fir d'Vertrauen an den Zousproch: Déi neisten Zuele vun den Audiencen zu Lëtzebuerg confirméieren RTL als Leader bei den Tëleeschaînen, de Radiostatiounen an den Internetsitten.
RTL seet Merci fir d'Vertrauen an den Zousproch: Déi neisten Zuele vun den Audiencen zu Lëtzebuerg confirméieren RTL als Leader bei den Tëleeschaînen, de Radiostatiounen an den Internetsitten.
© IPL/RTL

Méi wéi 5.700 Interviewen a Questionnairen

Nach e Wuert zu der Etüd: Trail steet fir "TV & Radio Audience in Luxembourg" a gouf vun der Ilres am Optrag vun IP Luxembourg realiséiert. Déi elo publizéiert Zuelen "Trail 2026-1" baséieren op 5.708 Interviewen, wouvun der 1.794 um Telefon an 3.914 online duerchgefouert goufen. An der éischter Well goufen tëscht dem 4. Februar an dem 24. Juni 2025 am Ganzen 3.620 Interviewe gemaach, an der zweeter waren et der tëscht dem 30. September 2025 an dem 11. Februar 2026 genee 2.088 Stéck. En Deel vun den online Interviewe ware Participantë vum eDiary-System, alles an allem goufen esou 13.184 eenzel Deeg evaluéiert, wat de Mediekonsum ugeet.

Um Site vun IP Luxembourg fënnt ee weider Detailer iwwer d'Audiencen zu Lëtzebuerg – Kino an Net-RTL-Medien inclus; ausserdeem gëtt et do och eng kuerz Presentatioun vun der Ëmfro am PDF-Format. Och de Site vun de Marketingexperten ADADA geet op déi neisten Zuelen an.


Weider Lektür

Virun enger Zäitchen hat och d'Uni Lëtzebuerg de Mediekonsum zu Lëtzebuerg ënnert d'Lupp geholl. Och do louch RTL en tête. Liest hei eisen Artikel iwwer d'Etüd Medialux 2024, déi op Zuele vun 2023 baséiert an zejoert virgestallt gouf.


Back to Top
CIM LOGO