Energiekris an TripartitePremier Luc Frieden: "Ech gleewen un de Sozialdialog"

Pierre Weimerskirch
De Premier Luc Frieden war Invité am RTL-Journal a schwätzt iwwer d’Auswierkunge vun der internationaler Energiekris an dem Lëtzebuerger Sozialmodell an der Tripartite als Kriseninstrument.
Premier Luc Frieden: "Ech gleewen un de Sozialdialog“
De Premierminister war Invité am Journal.

D'Regierung wëll sech op méiglech Auswierkunge vun enger internationaler Energiekris virbereeden. Am RTL-Journal huet de Premier Luc Frieden erkläert, datt d'Situatioun sech an de leschte Woche konkretiséiert hätt.

"Mir gesinn elo méi […] datt d’Inflatioun wäert ëm ronn ee Prozent eropgoen an der Welt, datt de Wirtschaftswuesstem wäert ronn ee Prozent erofgoen.“

D'Repercussioune vum Konflikt am Noen Osten an ënner anerem d'Fermeture vun der Strooss vun Hormus géifen och Lëtzebuerg betreffen, och wann ee keen direkten Afloss op dës Kris hätt.

Tripartite soll Léisunge bréngen

Fir op dës Entwécklung ze reagéieren, huet d'Regierung decidéiert, eng Tripartite an de kommende Wochen ze lancéieren. Fir de Premier ass et wichteg, datt dës Decisioun net ënner Zäitdrock geholl gouf.

"Sou eng Decisioun hëlt een net an der Hektik an einfach, well moies e Post gemaach gëtt oder well de Präis vum Diesel een Dag iwwer 2 Euro geet."

Et misst een d'Situatioun "op eng roueg Aart a Weis analyséieren“ an d'Froe kloer definéieren. Am Mëttelpunkt géif dobäi virun allem den Impakt vun der Energiekris stoen.

"Fir eis geet et drëm, zwee Sujeten ofzedecken: Dat eent, dat ass d'Kafkraaft vun de Leit, well déi musse Masutt kafen, déi mussen Diesel kafen. An och fir d'Betriber, datt dee Schock, dee kënnt duerch méi héich Energiepräisser, dat ass besonnesch an der Industrie, dat ass awer och an der Landwirtschaft, dat ass bei Kleng- a Mëttelbetriber, datt mer déi Betriber um Liewen halen. An datt déi och kënne weider Aarbechtsplaze schafen."

De Premier setzt dobäi op Dialog: "Ech gleewen un de Sozialdialog."

Virbereedung op eng Kris, déi "ënnerwee ass"

De Premier betount, datt et drëms geet, fir eng Kris, déi ënnerwee ass, zesumme mat de Sozialpartner ofzefiederen. "Natierlech kënnt bei där Tripartite eppes eraus, wat souwuel de Leit wéi de Betriber hëlleft“, esou de Luc Frieden.

D'Virgespréicher sollen nach am Mee sinn, ier d'Tripartite Enn Mee oder Ufank Juni kann organiséiert ginn.


Weider Noriichten zu dësem Sujet

Back to Top
CIM LOGO