Dat äntwert d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert dem CSV-Deputéierte Marc Spautz op eng Question urgente.

Datt AstraZeneca effikass géint déi südafrikanesch Variant vum Coronavirus ass, konnt net erwise ginn, dat huet eng südafrikanesch Etüd gewisen, déi Mëtt Mäerz publizéiert gouf. Sou d'Gesondheetsministesch an hirer Äntwert.

Am leschte Corona-Wocheréckbléck vun der Santé huet déi südafrikanesch Variant 8,8% ausgemaach.

Datt eng Persoun mat zwee verschiddene Vaccine geimpft gëtt, dat gëtt zu Lëtzebuerg weiderhin net gemaach, well wëssenschaftlech Donnéeë feelen.

Op Nofro hi si mer vun der Santé gewuer ginn, datt bei AstraZeneca den Delai tëscht der éischter an der zweeter Dosis bei 8 Woche läit, obwuel de Conseil supérieur des maladies infectieuses 12 Woche recommandéiert.

De gréngen Deputéierte Marc Hansen hat e Méindeg an deem Sënn eng Question urgente gestallt.