Den Observatoire huet bei 2 däitsche Büroen (FIBL, IFAB) eng Analys iwwer den Zoustand vun de Liewensraim, den Déieren- a Planzen-Zorten an Optrag ginn.

D’Conclusioune sollen an de Lëtzebuerger GAP-Strategieplang afléissen.

Den Agrarsecteur ass hei am Land kloer responsabel fir de Verloscht u Biodiversitéit, erklären d‘Experten. De Verloscht wier dramatesch.

85% vum Gréngland, vum Liewensraum wier bedreet an deemno wier et héich Zäit, dass sech iwwer de Wee vun der PAC, der europäescher Agrarpolitik, eppes ännert.

Weider wéi bis elo ass keng Optioun

83% vun den Déieren a Planzen, déi nach wëll an der Natur liewe respektiv wuessen, maachen dat an engem Ëmfeld, dat fir si schlecht ass. Hei wieren d’Vullen net matgerechent: déi, déi een an der Zäit heefeg op Felder gesinn huet, sinn a Gefor oder scho ganz verschwonnen. Dat gëllt zum Beispill fir de Wisepilor (Braunkehlchen).

RTL

< Biodiversitéit a Liewensgefor 

Esou en Trend no ënne géif een éischtens net eleng zu Lëtzebuerg gesinn, mee och an Däitschland, soen d’Experten, déi dat Ganzt effektiv alles anescht ewéi witzeg fannen.

Ass déi nei EU-Agrarpolitik iwwerhaapt eng Optioun, déi Spiral ëmzedréien? Jo, seet d’Institut fir biologesche Landbau an dat fir Agrar-Ekologie a Biodiversitéit. Profien also, an och nach därer, déi sech 2009 d’Saach hei ugekuckt hunn an net begeeschtert sinn.

“Ich finde alles dramatisch, es ist eine kontinuierliche Entwicklung nach unter. Wir haben politische Ziele: es gibt Biodiversitätsstrategien, die sagen wir mussen diesen Verlust stoppen! Noch nicht mal das gelingt uns. Und wir reden nicht von Umkehr! Die Mitgliedstaaten hatten immer schon einen grossen Gestaltungsspielraum, das heisst sie konnten immer schon – wenn sie das wollten -  deutlich über das hinausgehen, was die Kommission vorgeschlagen hat.”

Doris Chalwatzis, IFAB

Subventioune vu Leeschtunge ofhängeg maachen

Kontrolléieren, ob dat, wat Gesetz ass, och agehale gëtt, an dann awer och finanziell Hëllefe ginn, déi motivéieren. Mee net ouni Géigeleeschtung! Dat ass dem Observatoire no e Schlësselsaz: Subventioune mussen u Leeschtungen gebonne sinn.

“Et ass haaptsächlech eng Intensivéierung, déi mat Schold ass, d’Pestiziden, d’Urbaniséierung an de Wuesstem mat den Infrastrukturen, déi mer bauen, déi dozou bäidroen, dass d’Biodiversitéit ofhëlt.

A wa mer eis Zieler gär erreechen a Saache Klimaschutz, Biodiversitéit an am Déierewuel, da musse mer déi Suen, déi mer ausginn, fir Leeschtungen ausginn.”

Jacques Pir, Observatoire de l’environnement naturel

RTL

Deen zweete Schëllegen: d’Urbaniséierung, d’Lëtzebuerger Loscht op Wuesstem...op der Grafik gesäit een dass d’Bauen zwar vill manner uerg ass wéi d’Baueren, mee och net wéineg responsabel. 90/50 de Scan, Klimawandel an Transport leien ënner 20.

“Et kann ee natierlech ëmmer méi intelligent wuessen. De Problem ass, dass eise Sozialsystem op deem Wuesstem opbaut. Dee Sozialsystem vum Wuesstem lasskoppelen, ass d’Erausfuerderung fir dës an déi nächst Regierung. Et ass leider hei ze Fall, dass mer probéieren, esou mann wéi méiglech ze changéieren. Mir gesinn d’Klimaverännerungen, de Verloscht vu Biodiversitéit...do musse mer e Schratt zouleeën.”  Jacques Pir

Déi politesch Gretchenfro stellen

“Am leschte Nohaltegkeetsplang stoung dran, dass mer eis eng iewescht Zuel vu Versigelung pro Dag géifen zougestoen. Leider kann ech esou eng Zuel am neie Nohaltegkeetsplang net méi liesen. Et ass also kloer eng politesch Gretchenfro – wëlle mer wuessen? Ëm wéi vill? An dass een erkläert: Wat ass qualitative Wuesstem?"

Jacques Pir, Member vum Nohaltegkeetsroot

Lëtzebuerg hätt mat där neier GAP méi Handlungsspillraum. Wéi dee genee ausgesäit, gëtt de Bierger den 10. Juni an engem Webinar gewuer.

Um Enn zielt just de politesche Wëllen.