D’Vakanz mam Auto ass awer ëmmer nach beléift. Fir dass de Vakanzentrafic gutt ofleeft, gouf et e Samschdeg eng gréisser Policekontrollen op eisen Autobunnen.
Vollgelueden Autoen, Camperen a Roulotten. och wann d’Schoulvakanz bei eis offiziell réischt d’nächst Woch ufänkt, sinn zemools Leit aus eisen Nopeschlänner schonn op der Roule.
Ma wann ee mam Auto oder änlechem an d’Vakanz fiert, geet et net duer d’Strëmp an d’Zännbiischt anzepaken, mee och beim Gefier gëllt et op sou munches opzepassen.
Laurent Lentz, Direkter vun der Stroossepolice: "Zum Beispill dass se net ze laang fuere sollen ouni Paus ze maachen. D’Gepäck, dat dierf net einfach lose am Auto ronderëm leien. Wann een eng Vollbremsung muss maachen um Wee an d’Vakanz, kann dat relativ schnell geféierlech gi mam Gepäck am Auto."
Dat gëllt och fir e Gefier, dat iwwerlueden ass. Doduerch gëtt dann nämlech de Bremswee méi laang. Dowéinst gouf e Samschdeg de Mëtteg och d’Gewiicht haaptsächlech vu Roulotten a Campere mat dëser Wo kontrolléiert.
Dës gréisser Policekontrolle gouf zesumme mat däitschen a franséische Polizisten duerchgefouert. Mat gemëschte Patrulle wollt een zesummen op de Grenze Presenz weisen.
Philippe Glorian, Kommandant vun der franséischer Autobunnspolice: “En termes de communication ça permet également de faire passer le message de sécurité routière à l’ensemble du flu de circulation à savoir : Attention ce n’est pas parce que vous allez changer de pays que vous devez vous comporter correctement ou incorrectement ailleurs.”
Zil vun dëse Kontrollen ass et d’Leit sécher an d’Vakanz ze bréngen, betount de Laurent Lentz: “D’Leit musse sech einfach bewosst sinn, dass mir net Kontrolle maachen, fir Repressioun ze maachen. Et geet drëms, d’Leit drop hinzeweisen, wat déi eenzel Gefore sinn a wa méiglech Accidenter, Blesséierter an Doudeger ze vermeiden.”
No engem Dag kontrolléieren, weien an opklären, goufe bei dëser Aktioun am ganzen 31 Protokoller geschriwwen. D’Hallschent dovunner well d’Gefier ze vill beluede war. Awer och den Handy um Steier gouf fir e puer Chaufferen deier.