2. Dag am Prozess ëm Policegewalt a Vertuschung"Déi Gare huet eis an de roude Beräich bruecht vun der Aarbecht hier"

Diana Hoffmann
E Mëttwoch haten d’Zeien d’Wuert. Riets war ënner anerem vum extrem héijem Drock op d’Beamte wéinst Personalmanktem. 
© Laurent Weber

Prozess wéinst Policegewalt J2 - Reportage Diana Hoffmann

"Ech si vu Polizisten ausgeschloss ginn. Si gemobbt ginn. Hunn ze héiere kritt, dass ech eng Rat sinn. Eng Balance. E Kameradeschwein", seet de jonke Polizist op d’Fro vum virsëtzende Riichter, wéi et him no der Affär ergaangen ass. De 25 Joer ale Mann hat deen Owend Déngscht an hat de Mann festgeholl, dee spéider an der Siichtzell vum ugeklote Polizist an d’Gesiicht an an d’Rëpper soll geschloe gi sinn. Et war och hien, deen de Protekoll vun der Arrestatioun hat musse schreiwen an doran erklären, wéi e Mann ouni Blessuren an d’Kommissariat am Gebai vun der Gare erakomm ass, an dono vun engem Dokter Schwellungen um Aen an eng bluddeg Nues attestéiert krut. Den Dokter hat och notéiert, dass d’Affer gesot hätt, d’Beamten hätten et geschloen.

An der éischter Versioun, déi de jonke Polizist geschriwwen hat, hat hien awer keng Verletzunge beim Mann, dee festgeholl gouf, erwäänt. Doropshin hat de Verbesserungsbüro no Präzisioune gefrot. Wou hien net wousst wat maachen, huet hie sech u säi Virgesetzte geriicht, deen him Onwourechte gesot huet, déi hie soll draschreiwen. Ënner anerem, dass d’Blessure komm wieren, wéi en sech beim Immobiliséiere gewiert hätt. "Ech war dräi Wochen do, hat 22 Joer deen Ament", erkläert de Polizist seng Handlung deemools. Kuerz no de Faiten huet hien awer d’Kommissariat gewiesselt. Um neie Kommissariat ass hie vun eelere Beamten dunn encouragéiert ginn, d’Affär ze mellen.

Den deemolege Chef vun der Policeenheet C3R Lëtzebuerg-Gare, sou wéi och den Adjoint, hunn dono virun de Riichter d’Konditiounen duergeluecht, ënnert deenen d’Beamten op der Gare hu musse schaffen. "Mir hunn an engem fragillen, hostillen Environnement agéiert. Mir hu missten intervenéieren. Mir konnten eis dat net gefale loossen", erkläert den deemolege Chef de Groupe adjoint dorop vum Riichter ugeschwat, ob et néideg war, dass op der Gare méi muskléiert intervenéiert gi wier. "Déi Gare huet eis un de roude Beräich bruecht vun der Aarbecht hier. Mer hu kee Fouss op de Buedem kritt", erzielt hie weider. Personell wier ee komplett ënnerbesat gewiescht. Et hätt een no Verstäerkung gefrot, a bluttjonk Beamte kritt. Och den deemolege Gruppechef schwätzt vun esou Zoustänn.

Allen Zwee beschreiwe se den Haaptugekloten als motivéierte Polizist. "Hien huet säi Beruff gelieft", seet den deemolege Chef. En hätt seng Aarbecht anstänneg gemaach a wier net aggressiv gewiescht. Och deenen aneren dräi Beamte géing hien eng positiv Zensur ausstellen. Hien kéint sech net erklären, wisou dat esou ausgeaart ass. Hie kéint sech just virstellen, dass Frustratioun a Roserei dobäi waren. De Riichter wollt dann nach wëssen, wisou hie mengt, dass e méi ale Beamten dem jonke Polizist geroden huet, de Procès-verbal ze fälschen. "Ech ginn dovun aus, dass en et warscheinlech gemaach huet, fir seng Kolleegen ze schützen", sou d’Äntwert vum fréiere Gruppechef.

Weider waren nach zwee Police-Direktiounsmemberen als Zeie geruff. "Bei engem Indice fir esou en Dysfonctionnement hätte mer reagéiert", huet den deemolege Regionaldirekter Patrick Ewen ënnerstrach. Hien huet awer och gesot, dass ee sech bewosst gewiescht wier, iwwert d’Konditiounen op der Gare an eben de Manktem u Leit, déi do wéilte schaffen. Et hätt u Beamte mat Erfarung gefeelt. Och de fréiere Generaldirekter Philippe Schranz huet als Zeie gesot: "Do war den Undrang net riseg".

De Prozess geet en Donneschdeg de Moie weider, da mat den Aussoe vun de véier ugeklote Polizisten. Zwee vun hinne gëtt jo fräiwëlleg Kierperverletzung reprochéiert, deenen anere bei der Vertuschung vun der Dot matgehollef ze hunn.

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO