Bei enger geziilter Kontroll am Cargo Zenter vum Fluchhafen ass den 23. Abrëll eng grouss Quantitéit Methamphetamin séchergestallt ginn. D'Douane huet ronn 90 Kilo vun dëser syntheetescher Drog am Transit fonnt an d'Substanz op Uerder vum Parquet saiséiert.
D'Ermëttler hu festgestallt, dass d'Substanz am Banneraum vun engem transportéierten Uewe verstoppt war. D'Drog war nach eemol an extra Kassette verpaakt, déi e Schutz beim Transport sollten duerstellen.
Éischten Ermëttlungen no koum de Methamphetamin aus Südamerika a sollt iwwer Lëtzebuerg an en Drëttland weidergeleet ginn. De Wäert gëtt op iwwer eng Millioun Euro geschat
Methamphetamin ass eng illegal an am Laboratoire hiergestallten Drog, déi aus gereegelte chemesche Substanzen industriell fabrizéiert gëtt. Si huet keen natierlechen Ursprong an zirkuléiert weltwäit a kriminellen Netzwierker.
D'Consommatioun féiert zu enger staarker Stimulatioun vum zentralen Nervesystem, wat sech ënner anerem duerch en Euphorie-Gefill, héich Energie, souwéi manner Middegkeet weist. Gläichzäiteg besteet e grousse Gesondheetsrisiko: staark Sucht, héich Onrou, Angschtzoustänn, Paranoia, Halluzinatiounen an och kardiovaskulär Problemer an héije Bluttdrock kënnen optrieden.
Obwuel Methamphetamin a Westeuropa nach ëmmer manner verbreet ass, wéi aner Drogen, gëtt et ëmmer méi oft am internationalen Trafic festgestallt. Well Lëtzebuerg e wichtege logisteschen Transitpunkt ass, ginn zousätzlech Enquête gefouert, fir d'Sourcen hannert dem Handel opzedecken.
Och an dësem Fall gouf vum Parquet eng Enquête opgemaach, fir d'Importhannergrënn a méiglech Bedeelegt z'identifizéieren.