Abriecher op E-Vëlo erwëschtPolice sicht Besëtzer vu geklaute Géigestänn

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Mëttwoch gouf eng Patrull op e Mann zu Bouneweg opmierksam, dee mat e puer Wallissen op engem elektresche Vëlo ënnerwee war.

D'Police sicht d'Besëtzer vu geklaute Géigestänn. Wéi et heescht, hätt eng Patrull e Mann an der Diddenuewener Strooss zu Bouneweg ugehalen, deen op engem E-Vëlo ënnerwee war. Dat mat e puer Wallissen. Bei der Kontroll gouf dunn eng gréisser Quantitéit Béierfläsche souwéi e puer Schampesfläschen, Geschier, fir anzebriechen a Kleeder séchergestallt. Op Uerder vum Parquet goufen déi geklaute Géigestänn saiséiert.

An deem Kontext sicht d'Police no dem oder de Besëtzer vun de Saachen. Dorënner eben de Vëlo, d'Wallissen an d'Alkoholsfläschen.

Wie seng Saachen erëm erkennt oder wien eppes dozou weess, ka sech bei der Police ënnert der Nummer 244 40 1000 oder per Mail u police.CAPITALE@police.etat.lu mellen.

Back to Top
CIM LOGO