ChamberPacte Logement 2.0 mat de Stëmme vun der Majoritéit ugeholl

RTL Lëtzebuerg
Den neie Pacte Logement trëtt domat elo retroaktiv vum 1. Januar 2021 un a bis Enn 2032 a Kraaft.
© Tierra Mallorca / Unsplash

Déi 4 Oppositiounsparteien hunn dogéint gestëmmt.

Pacte Logement 2.0/Reportage Fanny Kinsch

Op engem Punkt war ee sech an der Chamber awer gréisstendeels eens - de Pacte logement 1.0 huet net genuch bezuelbare Wunnraum geschaf. Nëmmen 2,2 Prozent vum Budget wier an abordabele Wunnraum gefloss, sot d'Rapportrice vum Gesetzprojet, déi gréng Deputéiert Semiray Ahmedova.

"Ech erlabe mer, déi Conclusioun ze zéien, datt den éischte Pacte logement zum groussen Deel et net fäerdeg bruecht, huet säin Zil erreechen, bezuelbare Wunnraum ze bauen a besonnesch Mietwunnenge fir déi ëffentlech Hand."

Dat géing sech awer elo änneren, esou d'Rapportrice. Fir déi Lénk awer ass den neie Pacte Logement kee Paradigmewiessel, sot d'Nathalie Oberweis.

"Mir vergläiche gären d'Logementskris, an där mer sinn mat enger Sintflut, wéi mer se haut e bëssen hunn, a mir hu schonn 1 Meter Waasser am Keller stoen. Da bréngt et näischt d'Waasser mat engem Eemer erauszehuelen, well d'Waasser leeft méi séier eran, wéi een et erauskritt. Do muss een dann d'Pompjeeë ruffen, déi mat der ganzer Maschinerie kommen. De Pacte Logement 2.0 ass awer de Männche mam Eemer."

D'Gemenge missten obligéiert ginn ze bauen, fannen déi Lénk. Fir d'CSV hirersäits goufen d'Gemengen net genuch mat agebonnen - den Hesper Deputé-Maire Marc Lies.

"Et hätt ee gutt Gesetz kënne ginn, wann d'Regierung d'Gemenge mat an d'Boot geholl hätt. Ech kucken de President vum Syvicol do uewen, wann een 2 Avise vum Syvicol kuckt, déi devastateur sinn, wat dëse Pacte Logement ugeet, da gesäit ee ganz kloer, datt et kee Pacte mat de Gemengen ass, mee datt et éischter en Diktat ass an datt d'Gemengen z'exekutéieren hunn."

Fir d'Piraten an déi Lénk kënnt d'Regierung de Promoteuren ze vill entgéint. D'ADR hirersäits war der Meenung, datt d'Promoteuren duerch den neie Pacte Logement verléieren, sot den Deputéierte Roy Reding.

"20 Plazen à 7 Ar oder 26 Plazen à 25 Ar, da sinn déi 20 Plazen, déi ech behalen à 5 Ar manner wäert wéi meng 20 Plazen à 7 Ar, déi ech ursprénglech hat. Also haalt op mam Märchen, dat kascht de Promoteur näischt, et ass net wouer, et kascht de Promoteur."

Dat wier eng Enteegnung, fënnt d'ADR.

Pacte Logement: Kuerz erkläert

Pacte Logement kuerz erkläert / Rep. Carine Lemmer

De Pacte Logement ass keen Instrument fir den Eenzelen, mä eppes fir d’Gemengen. 102 Gemengen hu mer jo am Land an de Pacte Logement definéiert d’Zesummenaarbecht am Beräich Logement a Wunnen tëscht dem Staat an de Gemengen. 2008 gouf de Pacte Logement 1.0 an der Chamber gestëmmt. Dat war och schonn eng Partnerschaft mat de Gemengen. D'Gemenge sollten deemools motivéiert ginn,fir ze wuessen an ze bauen. Et gouf Sue fir all zousätzlechen Awunner. Verschidden Instrumenter, wéi d’Virkafsrecht, sinn agefouert ginn. Dat ass awer wéineg vun de Gemenge benotzt ginn.

Ob déi éischt Versioun vum Pacte Logement eppes bruecht huet, ass och ëmstridden. Et gouf gebaut, mä net genuch. D’Präisser si weider enorm geklommen. Et gouf Suen ouni datt Wunnengen entstane sinn. A vill bezuelbar Wunnengen sinn awer um fräie Marché gelant an aus bezuelbar ass "deier" ginn. Dat wëll een op d’mannst mam neie Pacte Logement verhënneren.

Um 2.0 gouf et da vill Kritik, well dëse Pacte Logement fräiwëlleg ass, esou dat kee ka wëssen, wéi eng a wéi vill Gemengen elo schlussendlech matmaachen.

Sou eng Partnerschaft mat de Gemengen ass net einfach. Dee Pakt muss large genuch bleiwen, fir keen ze verschrecken. Mä du muss awer och präzis genuch sinn, fir datt ënnert dem Stréch och eppes derbäi erauskënnt.

Also dëst d'Kéier ginn et net nëmme Sue fir de Wuesstem vun der Gemeng, mä just, wann och abordabele Wunnraum geschaaft gëtt. Et ass festgehalen, wéi vill Prozent an ëffentlecher Hand musse bleiwen. An d’Gemenge kréien dëst d'Kéier och nach méi aktiv gehollef a kréien e Wunnengsberoder un hir Säit gestallt. Een, dee se also beréit, hinnen hëlleft e Plang vum Logement opzestellen. 34 där Conseilleren huet de Ministère aktuell, sot de Minister Kox de Moie jo am Interview.

Méi grouss Gemengen kënne sech villäicht en eegene leeschten. An esou soll da méi, besser, méi dicht a méi bezuelbar a méiglechst alle Gemengen am Land gebaut ginn.

Wéi gutt d’Gemenge matmaachen weess een nach net. Mä et ass ee vun hinnen ofhängeg, fir de Logement am Land.

Sécher ass och, datt eleng den neie Pacte Logement d’Problemer um Lëtzebuerger Wunnengsmaart net reegelt. Et gi jo och nach aner Instrumenter. Vu ville Säite gëtt gefuerdert, datt méi drastesch Mesuren néideg sinn. Nach geet d’Politik dee Wee awer net.

Invité vun der Redaktioun (14. Juli) - Henri Kox: Pacte Logement gëtt e Succès

Back to Top
CIM LOGO