SEWAll 4. Kand zu Lëtzebuerg vun Aarmutsrisiko betraff

Sascha Georges
Den SEW ënnerstëtzt dowéinst d'Fuerderung fir eng direkt, substantiell a strukturell Erhéijung vum Mindestloun.
Laut SEW huele Kanneraarmut a Bildungsongläichheeten zou
Laut SEW huele Kanneraarmut a Bildungsongläichheeten zou
© JANEYCAKES PHOTOS/Connect Images via AFP

Well et keng strukturell Erhéijung vum Mindestloun gëtt, géife sech Kanneraarmut a Bildungsongläichheete verschäerfen. Dës Decisioun géif nämlech virun allem Famille mat niddregem Revenu treffen, schreift den SEW e Mëttwoch an engem Communiqué.

Antëscht wier all 4. Kand zu Lëtzebuerg vum Aarmutsrisiko betraff, wat en direkten Impakt op Léieren, Wuelbefannen an Entwécklung vun de Schüler hätt. De Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft am OGBL ënnerstëtzt dowéinst d'Fuerderung vun enger direkter, substantieller a struktureller Erhéijung vum Mindestloun.

Liest hei de Communiqué vum SEW:

Net-Erheijung um Mindestloun verschaerft Kanneraarmut a Bildungsonglaichheeten

Back to Top
CIM LOGO