Äre Jong, äert Meedchen huet sech verännert. Äert Kand huet elo eegen Interessen, ass dauernd a Kontakt mat senge Frënn, vertrëtt vehement seng Meenung. Reegelméisseg Streidereien, deeglaangt Schweigen gehéieren zum Alldag. Gemeinsam Gespréicher dogéint sinn éischter seelen. Oft sëtzt Äert Kand mat gesenktem Kapp um Dësch, de Bléck fixéiert op den Handy, a Kontakt mat senge Frënn. Gutt gemengte Rotschléi sinn oncool a si séier vum Dësch mat engem kuerze Kommentar: „Ma Mamm, ma Papp“. Äre Jugendleche lauschtert Iech net mi no.

Pubertéit heescht Verännerung. Och wann Elteren an dëser Zäit an der Reegel staark Nerve brauchen, ass et entlaaschtend ze wëssen: Dat ass normal. Kanner wëllen sech an dësem Alter net mi rëmkommandéiere loossen. Si hannerfroen d’Wäerter an d’Norme vun den Elteren a sinn op der Sich no hirer eegener Perséinlechkeet, hirem eegene Wee, hirem eegene Weltbild. D’Kand entwéckelt seng eegen Identitéit, mécht eegen Erfarungen, gëtt selbststänneg. Dat gehéiert zum „Ofnuebelungsprozess“.

Wéi kënnen Elteren hire Jugendlechen an der Pubertéit erreechen?

Versicht erauszefanne wéini dir d’Opmierksamkeet vun ärem Kand wierklech hutt. An dëse gudde Momenter gëllt et dann net ze vill an näischt Iwwerflësseges ze bespriechen. Vermeit Widderhuelungen oder dat nämmlecht op di nämmlecht Aart a Weis ze soen. Hei schalte Kanner direkt op Duerchzuch. Erënnert Iech un är eege Jugend, wéi sidd Dir deemools gären ugesprach ginn? Hëllefräich ass och virdrun „un d’Dier ze klappen“, kündegt Iech un, frot op et grad passt oder wéini et passe géif. Gutt Momenter sinn och Situatioune wou keng Medien d’Opmierksamkeet ënnerbrieche kënnen, z.B. beim Iessen. Wann et ganz schwéier ass, maacht e Rendez-Vous fir eng Aart „Familljerot“, wou jiddereen d’Chance kritt auszewäerte wat grad gutt leeft a wat anescht lafe soll. Hai kënnt Dir och direkt froen: „Wéi kann ech mat dir schwätzen, datt’s du mir nolauschters?“ Wichteg ass generell op Aenhéicht ze schwätzen!

Och wann et heiansdo ustrengend ass, vill Jugendlecher si ganz gespréicheg an oppe fir Diskussiounen. Si wëlle Mëssstänn uprangeren, Ongerechtegkeeten uschwätzen, d’Wourecht wëssen, Neies kenne léieren. Ze wësse wéi Jugendlecher d’Welt wouerhuele ka fir Elteren immens beräicherend sinn. Huelt Undeel un deem wat d’Jugendlecher interesséiert, och wann Dir selwer guer keen Zougang zu munchem hutt. Frot no, ouni ze bewäerten, lauschtert no, ouni direkt Ären eegene Pefferkär dobäi ze ginn oder Äntwerten op net gestallte Froen ze ginn. Bei dëse Gespréicher léiere souwuel d’Elteren, wéi och d’Kanner.

Et ass Tabu, des gutt Momenter fir e Verhéier auszenotzen. Jugendlecher solle wëssen, datt een och eppes zesumme maache kann, ouni direkt erëm no der Schoul oder zu engem aneren Dauerthema befrot ze ginn. Esou hunn si och éischter Loscht eppes zesummen ze ënnerhuelen. Iwwerpréift Är eegen Haltung: Wëllt Dir kontrolléieren, nofuerschen oder sidd Dir wierklech interesséiert? Sou si Froe wéi „Wéi gefält et dir an der Schoul, mécht et dir Freed?“ besser wéi „Wéi war et an der Schoul?“. D’Elisabeth Raffauf, Diplom-Psychologin an Autorin seet datt „Verhéier, Virträg, Virwërf“ – di 3 rout „V’en“ sinn an der Elteren-Kand-Bezéiung. Hei schalte Kanner a Jugendlecher op Duerchzuch. Di 3 gréng „V’en“ sinn dogéint: „Vertrauen, Virbild sinn a Verstoen“. Begéint ärem Kand wäertschätzend, sengen Interessen awer och senge Frënn a Frëndinne géigeniwwer.

Hutt keng Angscht viru Konflikter. Fir den Diplompedagog Winter si Konflikter Bezéiungsaarbescht, well e Sträit bedeit datt Gefiller do sinn, an also eng Bezéiung do ass. An engem Konflikt setzt Dir Iech mat dem Géigeniwwer auseneen a sidd verbonnen iwwert d’Emotiounen. Bei engem Konflikt wëll Äert Kand gläichzäiteg mat Iech a Bezéiung bleiwen an sech ofsetzen.

Hëllefräich ass och d’Erwaardungen erofzesetzen, net ëmmer d’Bezéiung optimal gestalten ze kennen. Et wäert gutt Momenter ginn; et wäert awer och Situatioune ginn, déi Iech op d’Prouf stellen. Engersäits wëllt Dir Äert Kand schützen. Dir erlieft ënnerlech Konflikter. Lassloossen ass net einfach.

Och wann et den Elteren heiansdo schwéier fällt, kann ee Jugendlecher och roueg mol eppes zoutrauen. Hei kann et hëllefräich sinn och ëmmer mol di gutt Säiten an de Bléck ze huelen: wéi Kanner autonom ginn, wéi se sech entwéckelen, wéi si Liewensentscheedungen treffen, wéi si hier Talenter entfalen.

Generell kann ee wuel soen, datt d’Pubertéit vun den eegene Kanner ëmmer eng Erausfuerderung ass, déi den Elteren gelegentlech Suergen mécht. Eltere fillen sech gefuerdert, och mol iwwerfuerdert. Eltere wënschen sech Hëllef an Ënnerstëtzung – an dat ass OK!

Den Elterentelefon 26 64 05 55 bitt Berodung, Informatioun an Orientéierung – anonym a vertraulech. Dir sidd ëmmer wëllkomm. Speziell ausgebilte Beroder kënnen Iech ënnerstëtzen, respektiv Iech di zoustänneg Berodungsstelle weidervermëttelen.

Si si vu méindes bis freides vun 9 bis 12 Auer, souwéi mëttwochs owes vu 17 bis 20 Auer fir iech do.


Zousäetzlech Informatioune fannt Dir och hei: https://www.papierhaus-hartmann.de/interview-kommunikation-mit-dem-pubertier-news/

https://www.sueddeutsche.de/leben/familie-wie-erreichen-eltern-ihr-pubertierendes-kind-dpa.urn-newsml-dpa-com-20090101-210318-99-877584