Lëtzebuerg soll méi Energie-onofhängeg ginn. E Puzzelstéck dovun ass Solarenergie an domadder och sougenannten Agri-PV-Anlagen.

Bio Hénger zu Sprénkeng. Ibeeresch Bio Schwäin zu Baastenduerf. Éischt Baueren traue sech, am Partenariat mat der Enovos nei Weeër ze goen.D'Produktioun vu Liewensmëttel a Stroum, gëtt op der selwechter Fläch kombinéiert.
 
‘"Agri-PV, do steet Agri vir, dat heescht d'Agrikultur, eis Liewensmëttelproduktioun muss ëmmer am Vierdergrond sinn", esou d’Landwirtschaftsministesch Martine Hansen.

5.868 Panneauen, op aner hallwem Hektar, déi eng Produktioun vun 3,6 Gigawatt d'Joer erméiglechen. Zu Sprénkeng gëtt genuch Stroum fir eng 920 Stéit produzéiert. Agri-PV Anlagen, déi net a Konkurrenz mat Installatiounen op Privathaiser stoe géifen.

De Minister fir Wirtschaft an Energie, Lex Delles: "Déi kleng Anlagen si wichteg, fir dass d'Leit kënne méi onofhängeg um Energiepräis de Stroum selwer produzéieren, fir sech oder och nach vläicht enger Communautéit mat hiren Noperen, mee mir brauchen awer och grouss Produktioune fir aner Saachen, wéi zum Beispill d'CFL, déi mer an do gesinn oder aner industriell Aktivitéiten."

Problematesch bleift d’Späichere vun Iwwerproduktioun

Bei de groussen Anlagen, vu Wandrieder bis Photovoltaik, gëtt et den Ament nach een Hoken. Den Iwwerschoss muss a Batterië stockéiert oder a Waasserstoff verschafft ginn. Ass dat net de Fall, muss ofgeschalt ginn.

"Wat d' Späicherung ugeet vun der Energie musse mer séier Solutioune fannen, fir rentabel déi Anlag och kënnen ze bedreiwen déi nächst Joren", sou de Bio-Bauer Luc Emering.

De Lex Delles reagéiert: "Dofir hu mer och am Juli d'Späicherstrategie Lëtzebuerg presentéiert, wou mer eebe grad elo dru schaffe wäerten, well mer gesinn, dass mer genuch Produktioun hunn, dass mer dann och kënnen eng Batteriestrategie hunn, wou mer Quartiersbatterien hunn, wou mer Reseausbatterien hunn, wou mer all Zorte vu Batterien hunn."

De Gesetzestext iwwer d’Prefinanzement vu privat Installatiounen hänkt beim Staatsrot

De Minister fir Wirtschaft an Energie erkläert: "Mir hunn d'Gesetz direkt wéi annoncéiert deposéiert. Et ass beim Staatsrot elo säit bal engem Joer, wou mer drop waarden. Mir kruten en éischten Avis vum Staatsrot. Mir hunn d'Amendementen och schonn erageschéckt. Dat heescht, mir waarden op den zweeten Avis vum Staatsrot, fir dass mer esou schnell wéi méiglech kënne stëmmen. Well d' Leit waarden drop, dass mer d'Prefinanzement en place setzen. Mir sinn eis sécher, dass no engem Rekordjoer 2024, wou ëm déi 8.000 Anlagen installéiert gi sinn, mer nach eng Kéier wäerten e Boost kréie mam Prefinanzement."

Bei privaten Anlagen ass et de Rappell, sech gutt z'informéiere wat d'Gréisst, also d'Leeschtung ubelaangt. Gerode gëtt, d'Installatioun op den Eegeverbrauch ze limitéieren. Et soll een e puer Devisen ufroen. Den Delai froen, wat d'Ëmsetzung ubelaangt. D'Klimaagence steet fir d'Berodung, zur Verfügung.