Rekreativ DrogCannabis-Verkaf soll zu Lëtzebuerg awer net legal ginn, Kritik vun déi Lénk

RTL Lëtzebuerg
Ubau jo, Verkaf nee: Dat soll Informatioune vum 100,7 no déi nei Devise vun der Regierung a Saache Cannabis sinn.
© afp

D'Regierung ruddert zeréck: Wéi de Radio 100,7 en Dënschdeg de Mëtteg schreift, soll de Verkaf vu rekreativem Cannabis zu Lëtzebuerg weiderhin illegal bleiwen. Just den Ubau vu Cannabis-Planze soll fir de private Konsum méiglech ginn. Medezinesche Cannabis ass zu Lëtzebuerg zanter Februar 2019 legal - allerdéngs gëtt et ëmmer nees Problemer an der Liwwerketten.

Am Koalitiounsaccord vun 2018 tëscht DP, LSAP an déi Gréng war u sech virgesinn, de staatlech kontrolléierten Ubau a Verkaf vu Cannabis zu Lëtzebuerg ze erlaben. D'Regierungspartner hätten allerdéngs am Laf vum Summer decidéiert, d'Legaliséierung op anerem Wee no vir ze dreiwen.

D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert sot en Dënschdeg de Moien an engem Interview mat der Radioschaîne, et géing eng Rei juristesch Hürden am europäesche Kontext ginn, déi eng Legaliséierung méi schwéier maache géingen.

De Verkaf vu Cannabis bleift also illegal - déi Lénk fannen d'Annonce vun der Santésministesch Paulette Lenert iwwerraschend a gesinn uerg Konsequenzen. Sou hätt de legaliséierte Cannabis-Verkaf d'Deale reduzéiert an d'Qualitéit vum Produkt garantéiert. D'Legaliséiere wier eng Mesure vun "santé publique" gewiescht, well gewosst ass, datt d'repressiv Drogepolitik näischt bruecht hätt.

Déi Lénk erënneren och un d'Cannabis-Produzenten, déi et ewell am Land ginn. Datt et lo beim Verbuet vum Cannabis-Verkaf bleift, wier eng verspillte Chance fir d'Landwirtschaft, fir sech an dësem Secteur nei opzestellen.

Datt den ambitiéise Gesetzesprojet fale gelooss gëtt, ass fir déi Lénk e kloert Zeeche vu Schwächt vun der Regierung - entweder misste Cannabis-Konsumenten elo hir Droge selwer ubauen, respektiv d'Wuer nees illegal kafe goen.

PDF: Offiziellt Schreiwes vun déi Lénk

Back to Top
CIM LOGO